Noutfallmesuren zu Gonschte vun de vulnerabele Populatioune vum Senegal, Kenia a Madagaskar am Kampf géint d’Pandemie vum Coronavirus vum Joer 2020

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 40 188 Persounen

Dauer vum Projet : 14 Méint

Uert :

Senegal: Gemenge vu Matam, Mboro, Guinaw rail Nord, Thylla, Saloumdelta

Kenia : Bidonville vu Mathare, Kibera an Dandora

Madagaskar ; Gemenge vun Anosiala an Ambohitratrimo

Lokal Partner

Senegal : Jed, Jappo, Nebeday, Waranka

Kenia : Dadreg, Kgsa, Lec

Madagaskar : Cadri, AAA

Kontext

Zënter Dezember 2019 huet sech d’Pandemie vum Coronavirus Sars-CoV-2, déi d’Krankheet COVID-19 verursaacht, vu China aus a bal all Länner vun der Welt verbreet. No 3 Méint, géint Enn Mäerz, goufen iwwer 25 000 Stierffäll an der Welt gezielt, déi meescht dovun an den Haaptregioune vun der Kontaminatioun; Länner an Asien (China, Korea) an Europa (Italien, Frankräich, Spuenien). Kuerz drop goufen och déi éischt Infektioune mam Coronavirus an enger Rei vun afrikaneschen a südamerikanesche Länner festgestallt. D’Epidemie kéint an deenen aarme Länner Dausenden oder Millioune vu Liewe kaschten an déi sozial a wirtschaftlech Entwécklung staark zeréckwerfen.

D’Missioun

Allgemengt Zil : Déi vulnerabel Populatiounen an deenen 3 Länner, wou d’PADEM aktiv ass (Kenia, Madagaskar a Senegal), géint d’Ausbreedung vum Covid-19 schützen an  d’Versuergung mat Liewesmëttel an den isoléierten Zone  sécheren.

Spezifescht Zil : Am Kampf géint d’Epidemie d’Communautéite sou séier wéi méiglech mobiliséieren, an déi sanitär a sozio-ekonomesch Auswierkunge fir déi betraffe Populatiounen kleng halen.

D’Aktivitéiten

  • Sensibiliséierung an Informatioun wat d’Geste-barrièren ugeet
  • Verdeelung vu Päckelcher mat Hygiènes-Produiten (Masken, Seef, hydro-alkoholesche Gel, Drénkwaasser …) un déi äermste Familljen
  • Verdeelung vu Päckelcher mat Liewensmëttel un déi Famillje mat dem héichste Risk
  • Wirtschaftleche Relancement fir déi kleng individuell Entreprisen, déi wéinst der sanitärer Kris an der Faillite sinn

D’Beneficiairen

31 835 direkt Beneficiairen an hir Familljen