Zougang zu Waasser a Sanitär an der Thar Wüüst

Zuel vun de Beneficiairen : 1375 Persounen

Dauer vum Projet : 2024/2025 – 2 Joer

Uert : Distrikt vu Jodpur, Regioun Rajasthan

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

His Highness Maharaja Hanwant Singhji Charitable Trust (HHMHSCT) ass eng Stëftung, déi 1971 gegrënnt gouf an Entwécklungsaktivitéiten am Staat Rajasthan ausféiert. Hir Aktioune konzentréiere sech haaptsächlech op den Zougang zum Drénkwaasser, de Kampf géint d’Dréchent, d’Stäerkung vun de Fraen hire Kapazitéiten an d’Verbesserung vun de Gesondheets- an Hygiènesbedéngunge vun de Populatiounen.

 

Kontext

D’Regioun Rajasthan ass ënnerentwéckelt an huet ganz héich Tauxe vun Analphabetismus an Aarmut. 2/3 vun dëser Regioun besteet aus der Wüüst Thar. D’Géigend leit ënner schwéierer Dréchent a verfüügt nëmmen iwwer 1% vun den Drénkwaasserressource vum Land. Dëse Waassermangel bedreet d’Liewensmëttelsécherheet, well en en direkten Impakt op d’Landwirtschaft an d’Véizuucht an der Regioun huet. Well et u sanitären Ariichtunge feelt, mussen d’Leit am Fräien « op d’Toilette goen » a kënne sech och nëmme seele wäschen, wat bal 80% vun de Krankheete bei de Kanner ënner 10 Joer verursaacht.

D’Missioun

Dëse Projet huet als Zil, d’Liewenskonditioune vun der Bevëlkerung an der Wüüst Thar ze verbesseren duerch den Zougang zu elementare sanitären Ariichtungen a punkto Drénkwaasser, Hygiène an Energie.

Aktivitéiten

  • Reewaasserbasengen, Latrinnen an Dusche bauen.
  • D’Populatiounen iwwer d’Hygiène sensibiliséieren (Benotze vu Latrinnen, Hänn wäschen asw.).
  • Solar Waasserheizungen ariichten, fir d’Waasser ze dekontaminéieren.
  • Solariewen opriichten, fir ouni gëfteg Dämp kachen ze kënnen.
  • Sensibiliséierung vun der Populatioun fir d’Virdeeler vun der Solarenergie fir d’Ëmwelt.

Beneficiairen

1375 Persounen