Presentatioun

Geschicht

T’Associatioun ass 2002 gegrënnt ginn an ass suwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Frankräich agréeiert. Ursprünglech ass padem gegrënnt ginn fir deenen ärmsten an am meeschten benodeelegten Kanner op dëser Welt ze hëllefen. Dës Iddi huet och zum Numm Padem geféiert. Mä di Verantwortlech vu Padem sinn sëch schnell bewosst ginn, dass een t’Liewenskonditiounen vun de Kanner net kann nohalteg verbesseren ouni och déi vun hiere Famillen ze verbesseren.

Länner an dene mir aktiv sinn

T’Projeten vu Padem an der Welt :

Mëttel

PADEM schreift a proposéiert Projeten u verschidden Donateuren :

  • De Ministère des Affaires Etrangères an t’Direktioun vun der monegassescher Kooperatioun
  • Fondatiounen : Fondation de Luxembourg, Fondation Abbé Pierre, Fondation Air France, Fondation Elle, France Libertés Danielle Mitterrand
  • Gemengen : (Diddeleng an Diddeleng hëlleft, Esch-sur-Alzette, Simmern, Colmar Berg, Lintgen Frisange, Wincrange, Betzdorf, Walferdange, Beckerich (a speziell de Bourgermeeschter M.Gira) Boevange/Attert, Bascharage, Clervaux, Erpeldange, Neuhausen, Schuttrange, Junglinster, Ettelbrück, Waldbillig, Mersch, Steinfort, Diekirch, Longeville lès Saint Avold), Conseil Général de Moselle, Conseil Régional de Lorraine
  • Institutiounen : Banque Européenne d’Investissement, Agence de l’eau Rhin-Meuse, Agence de l’eau Adour-Garonne
  • Betriber
  • Privatleit
  • Fundraising : Verkaf vu Faitrade Produiten op Märt an aner Evenementer, Diddeleng Hellëft, Bazar International, karitativ Konzerten (Conservatoire du Nord), Fingertips

Struktur

PADEM ass eng asbl (association sans but lucratif) vum Typ ONG an ass agréeiert vum Ministère des Affaires Etrangères. Padem ass och als « Association reconnue d’Intérêt Général » vum franséiche Ministère de l’Economie et des Finances unerkannt. T’Konten vu Padem ginn all Joer duerch e « full audit » vu PriceWaterHouseCoopers kontrolléiert a fir eng TOTAL TRANSPARENZ ze gewährleeschten kann jiddereen di auditéiert Konten einfach ufroen.

De Conseil d’Administration vu Padem besteet aus :

  • Grënnerin : Magali Getrey
  • Eiremember : Christina Schürr
  • Eiremember : Christophe Héland
  • Eiremember : Pascal Hus
  • Eiremember : Camille Gira
  • Eiremember : Danijela Marjanovic