6. Februar

Internationalen Dag geint FGM

3 Milliounen Meedercher sinn all Joers FGM ausgesat!

FGM, dorënner och Beschneidung, beschreift eng d’Ewechhuelen vun Deeler oder d’Verännerung vun den externen Geschlechtsdeeler aus net medezineschen Grënn.

Dësen Agrëff gett regelméisseg bei Meedercher tëscht 4 an 14 Joer duerchgefouert, mee och bei ganz klenge Kanner, Fraen virun der Hochzäit an souguer heiansdo bei schwangeren Fraen oder no der Gebuert.

Oft maachen dëst Läit déi guer keng medezinesch Kompetenzen hun, ouni Anästhesie an mat enger Scheier, Gillette oder engem Messer.

Dëst ass souwuel traumatiséierend fir déi betraffe Persounen an bréngt och Komplikatiounen mat sech, ewéi Péng, Schock, Schwieregkeeten bei der Gebuert, oder Doud no enger Infektioun.

PADEM seet STOPP zu Beschneidung an NEE zur Gewalt u jonke Fraen a Meedercher am Senegal!

Dëse Projet, am Accord-Cadre mam Ausseministère, huet zum Zil jonk Meedercher an Opfer vu Beschneidung ze beschützen.

Mat engem Budget vun 163 500 € installéiere mir Berodungsplazen, dei et zum Zil huet Populatioun ze sensibiliséieren. Weiderhi kenne 400 Meedercher vun Ausbildungen oder Mikro-Finanzementer profitéieren. 50 Opfer kenne medezinesch, sozial a juristesch ënnerstëtzt ginn an 20 Fraen déi Beschneidungen duerchféiere gi sensibiliséiert an ëmgeschoult.

Am Ganze kennen esou 1500 Leit a 15 Dierfer vun eisem Projet profitéieren!

Ënnerstëtzt eis andeems dir en Don maacht!