2012 markéiert en Tournant fir PADEM…

Am Joer 2012 huet PADEM 10 Joer gefeiert. 10 Joer Deelen & Ginn vun eiser Equipe an eise Partneren, 10 Joer Chantier: Haiser, Schoulen, Kliniken, Centres culturels, Latrinen, Waasser-Reseauen. 10 Joer Promotioun vun Educatioun fir alleguerten, Schutz fir déi Schwaach & Ënnerstëtzung fir déi Onglécklech, Kampf géint Diskriminéierung vu Fraen & Kanner & vun den Exploitéierten, 10 Joer Kampf géint Korruptioun, Ongléck, Krankheet, Behënnerung an Aarmut.

10 Joer a méi wéi 100 Projeten. 10 Joer an 10Tausende vu Mënschen, deene mir hëllefe konnten: Kanner, Fraen, Mënsche mat Behënnerung, krank, abuséiert oder vun der Gesellschaft ausgeschlosse Leit, Bierger 2. Klass, modern Sklaven ouni Zukunft. 10 Joer an Dosende vu treien Ënnerstëtzer, jonk an och manner jonk, déi alleguerten op hier Manéier Zäit, Suen, Kompetenz & Frëndschaft ginn hunn, dëst fir ze deelen, fir dës Welt e bësse méi gerecht ze maachen, si e bëssen ze verbesseren. 10 Joer an Honnerte vu Sympathisanten, trei Donateuren un eiser Säit ouni déi mir näischt hätten erreeche kënnen. 10 Joer an iwwer 10 Länner an deene mir aktiv sinn, mat enger Equipe dären Asaz & däre Qualitéit sech permanent verbessert.

10 Joer a mir gesinn enger glänzender Zukunft entgéint: Am Joer 2012 huet de Lëtzebuerger Kooperatiounsministère PADEM als ONG unerkannt an domadder och eis Aarbecht, eis Professionalitéit & d’Qualitéit vun eiser Aarbecht. Dëst bedeit dass eis Projeten an Zukunft also vum lëtzebuergesche Staat matfinanzéiert ginn. Weiderhi krut PADEM souwuel am Frankräich wéi och zu Lëtzebuerg den Agreement fir Jonker am service civique anzestellen an PADEM huet verschidde Reseauen integréiert: de „Cercle des ONG“ Lëtzebuerg, de Reseau „PS-Eau“, deen sech fir Waasseraccès fir jiddwereen asetzt, wéi och de Reseau „Lor-Sud“, an deem déi entwécklungspolitesch Akteure vun der Loire vertruede sinn.

PADEM huet och eng Réi vu Projeten an der Groussregioun entwéckelt: mir organiséiere Concerten an Altersheemer & hunn en CD opgeholl mat de Lidder déi während dëse Concerte gesonge ginn, mir hunn eis Sensibiliséierungsaktiounen zu Lëtzebuerg staark ausgebaut, e Fuesbal zu Longeville mat groussem Succès organiséiert a mir plangen en Zentrum fir Leit mat bipolare Stéierungen a fir hir Familljememberen, dëst a Kollaboratioun mat Vertrieder aus Amerika, Däitschland an der Schwäiz.

Mir soen besonnesch eisen Donateuren a Sympathisanten e grousse Merci fir hir konstant Ënnerstëtzung. Si beweist, dass et och a Krisenzäiten emmer nach eng Plaatz fir Solidaritéit an eiser Gesellschaft gëtt. Villmools Merci un all déi, déi un eis gegleeft hunn an déi un eis gleewen, déi eis hëllefen, eis begleeden, eis Projeten zum Liewen erweechen an eise Kampf ënnerstëtzen, dëst wëll si iwwerzeegt sinn, dass et méiglech ass, dës Welt z’änneren.

Zesumme kënne mir aussergeweinleches erreechen. Mir wënschen Iech fir dëst Joer 2013 nemmen dat Bescht.

Magali Getrey

De Rapport 2012 eroflueden !