Donneschdes den 23 Mäerz 2017 gouf den neie Rehabilitatiounszenter fir “Dalit” Fraen a Präsenz vum Regierungschef vun Tamil Nadu, eiser Representantin fir Asien Solenn an de Memberen a Benevolle vun eisem lokale Partner ADECOM, ageweit!

Den Zentrum ass sou gutt wei fäerdeg a schon funktionell!

D’Aweiung gouf begleet vun engem traditionelle Museksgrupp an dem Gesang vun de Benevolle vun ADECOM.De Minister huet eng Ried gehalen a Beloununge fir Volontaire an Zertifikater fir Formatiounen ausgedeelt.

Den neien Zentrum ass engersäits en Ausbildungsplaz, mee och en Refuge fir Gewaltopfer, déi juristesch, medezinesch, psychologesch a sozial Ënnerstëtzung kréien, esou dat sie an Zukunft sozial a finanziell onofhängeg kenne sinn.