Wee si mir?

Bei Geleeënheet vum 15. Anniversaire vum Veräin wollt PADEM hier Aktiounen, seng Interventiounsphilosophie, seng Projeten, seng Wäerter an déi prioritär Beneficer vun eisen Aktiounen presentéieren: Kanner a Fraen.

PADEM ass eng ONG di zum Ziel huet, t’Liewensbedéngungen vun de schwächsten Bevëlkerungsgruppen an den Entwécklungslänner, an zemools de Kanner, ze verbesseren. D’Aktiounen an t’Projeten zu dësem Zweck erstrecken sech iwwer Joeren an sinn baséiert op eng enk Zesummenaarbecht mat lokalen Partneren aus der Zivilgesellschaft. De Versuch t’fundamental Rechter vun dëse Bevëlkerungsgruppen duerchzesetzen steet dobäi am Virdergrond. Lokal Kulturen a Bräich ginn bei allen Aktiounen strikt respektéiert.

Eng ganzheetlech Approche

Mir analyséieren t’Problemer vun de Bevëlkerungen an hirem Kontext a versichen Léisungen ze fannen, déi net nëmmen eenzel Aspekter berücksichtegen, mä t’Liewenssituatioun an hirer Gesamtheet verbesseren. Nëmmen esou kënnen mir de wirklechen Besoin’en gerecht ginn an e laangfristeg staarken Impakt garantéieren. Well : wéi kann een hoffen de Kampf géint Kanneraarbecht ze gewannen wann een net Liewenskonditiounen vun hieren Elteren an hierem Ëmfeld verbessert ?

De Wëllen all Euro esou effizient wéi méiglech anzesetzen

Et muss een sëch emmer t’Fro stellen: wéivill Léit a welch Impakter kënnen mir mat de Suen déi mir zur Verfügung hunn erreechen? De Begrëff “Effizienz” as immens wichteg: all Euro muss esou nëtzlech wi méiglech agesat ginn! Umierkung: t’Kontoen vu Padem ginn all Joer auditéiert an all grousse Projet gët direkt lokal iwerpréift.

Geschicht

T’Associatioun ass 2002 gegrënnt ginn an ass suwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Frankräich agréeiert. Ursprünglech ass padem gegrënnt ginn fir deenen ärmsten an am meeschten benodeelegten Kanner op dëser Welt ze hëllefen. Dës Iddi huet och zum Numm Padem geféiert. Mä di Verantwortlech vu Padem sinn sëch schnell bewosst ginn, dass een t’Liewenskonditiounen vun de Kanner net kann nohalteg verbesseren ouni och déi vun hiere Famillen ze verbesseren.

Länner an dene mir aktiv sinn

T’Projeten vu Padem an der Welt :

Mëttel

PADEM schreift a proposéiert Projeten u verschidden Donateuren :

  • De Ministère des Affaires Etrangères an t’Direktioun vun der monegassescher Kooperatioun
  • Fondatiounen : Fondation de Luxembourg, Fondation Abbé Pierre, Fondation Air France, Fondation Elle, France Libertés Danielle Mitterrand
  • Gemengen : (Diddeleng an Diddeleng hëlleft, Esch-sur-Alzette, Simmern, Colmar Berg, Lintgen Frisange, Wincrange, Betzdorf, Walferdange, Beckerich (a speziell de Bourgermeeschter M.Gira) Boevange/Attert, Bascharage, Clervaux, Erpeldange, Neuhausen, Schuttrange, Junglinster, Ettelbrück, Waldbillig, Mersch, Steinfort, Diekirch, Longeville lès Saint Avold), Conseil Général de Moselle, Conseil Régional de Lorraine
  • Institutiounen : Banque Européenne d’Investissement, Agence de l’eau Rhin-Meuse, Agence de l’eau Adour-Garonne
  • Betriber
  • Privatleit
  • Fundraising : Verkaf vu Faitrade Produiten op Märt an aner Evenementer, Diddeleng Hellëft, Bazar International, karitativ Konzerten (Conservatoire du Nord), Fingertips

Struktur

PADEM ass eng asbl (association sans but lucratif) vum Typ ONG an ass agréeiert vum Ministère des Affaires Etrangères. Padem ass och als « Association reconnue d’Intérêt Général » vum franséiche Ministère de l’Economie et des Finances unerkannt. T’Konten vu Padem ginn all Joer duerch e « full audit » kontrolléiert a fir eng TOTAL TRANSPARENZ ze gewährleeschten kann jiddereen di auditéiert Konten einfach ufroen.

De Conseil d’Administration vu Padem besteet aus :

  • Grënnerin : Magali Getrey
  • Administrateur : Christophe Héland
  • Administratrice : Danijela Marjanovic
  • Administratrice : Anne Bellini
  • Administratrice : Dominique Noirjean
  • Den Här Camille Gira, vun eis gaangen am Mee 2018, war Éieremember vu PADEM, wouriwwer mer eis glécklech schätze konnten. Hie bleift eng wichteg an entscheedend Perséinlechkeet an der Geschicht vun eiser ONG.