Sensibiliséierung an Educatioun vu 625 Schüler aus 3 Schoulen an 8 Lycéeën!

Zanter 2014 schafft PADEM zesumme mam Lëtzebuerger Ministère des Affaires Etrangères fir Workshops punkto Entwécklungsaarbecht an nohalteg Entwécklung unzebidden. Am Kader vun desen Ateliere solle Schüler aus der Primärschoul wéi och aus dem Secondaire sensibiliséiert gi, fir se op d’Problematiken an der drëtter Welt opmierksam ze maachen. Heizou gëtt et sougenannten “kits pédagogiques” déi vu Proffen oder ONGen zur Verfügung gestallt ginn a vu jidderengem genotzt kenne ginn.
Des Kitte si vun aneren ONGe preparéiert ginn, wéi zum Beispill d’Associatioun „Startin Block“, wéi och vum Conseil de l’Europe.

Power Point Presentatioune kennen Iech op Nofro hi geschéckt ginn!

Power Point Presentatioune kennen Iech op Nofro hi geschéckt ginn!

Atelieren

Atelier Thema Waasser: :Dësen Atelier soll de Schüler alles ronderëm Thema Waasser nobréngen. D’Schüler sollen an dësem Atelier an éischter Linn léiere wéi a wisou ee ka Waasser spueren an op d’Problematik vum Waassermangel an den Drettweltlänner opmierksam maachen. Dësen Atelier riicht sech u Kanner tëscht 6 an 10 Joer a Gruppe vu 5-15.

Thema Stroossekanner Indien : :Dësen Atelier soll d’Kanner op d’Liewensverhältnisser am Süden opmierksam maachen. D’Kanner wäerte schnell mierken dass d’Leit an Indien ganz anescht liewe wéi mir. Och Thema Stroossekanner gëtt dann ugeschwat. Dësen Atelier riicht sech u Kanner tëscht 6 an 10 Joer a Gruppe vu 5-15.

Atelier Thema Handicap fir d’Primärschoul : :Dësen Atelier soll Jonker op d’Problemer am Liewe vun Leit mat Handicap opmierksam maachen. Heibäi handelt et sech virun allem em praktesch Ateliere wou d’Kanner duerch kleng Spiller a Parcourse mat den physeschen Aschränkunge vu Leit mat Handicap konfrontéiert ginn. Och den Handicap an Drettweltlänner gett thematiséiert. Dësen Atelier riicht sech u Kanner tëscht 8 an 12 Joer a Gruppe vu 10-20.

Atelier Thema Handicap fir de Lycée : :Dësen Atelier soll Jonker op d’Problemer am Liewe vu Leit mat Handicap opmierksam maachen. Heibäi handelt et sech virun allem em praktesch Ateliere wou d’Kanner duerch kleng Spiller a Parcoure mat de physeschen Aschränkunge vu Leit mat Handicap konfrontéiert ginn. Och den Handicap an Drettweltlänner gëtt thematiséiert. Atelier riicht sech u Kanner Desen tëscht 12 an 18 Joer a Gruppe vu 10-20.

Ateliers d’éducation

Atelier zu Mënscherechter : :Dësen Atelier mécht op Mënscherechter, an haaptsächlech op d’Rechter vun de Kanner opmierksamem. Am Kader vun dësem Atelier soll de Kanner och vermëttelt gi wéi d’Liewenssituatioun vun anere Kanner ass. Nieft Informatiounen gehéieren zum Atelier och interaktiv Spiller fir e praktesche Bezug zu der Matière ze kréien. Plazeweis gëtt dest mam Thema Handicap kombinéiert. Dësen Atelier riicht sech u Kanner tëscht 8 an 12 Joer a Gruppe vu 10-25.

Atelier zum Thema Kanneraarbecht : :Dësen Atelier soll de Kanner de Prinzip vun Kanneraarbecht erklären a kann e bëssen als e volet complémentaire fir den Atelier zum Thema Mënscherechter ugesi ginn. E riicht sech un eng Zilgrupp vu Kanner tëscht 8-10 an kann a Gruppe vun 10-25 Persoune gemaach ginn.

Atelier zu Mënscherechter : :An dësem Atelier geet et em d’Thema Mënscherechter a riicht sech u Jugendlecher am Alter vun 12-18 Joer. Heizou gehéiert en theoreteschen an e prakteschen Deel. Den Atelier ka jee no Altersgrupp och adaptéiert ginn a ka fir Klasse vu 15-25 Schüler konzipéiert ginn.

>Atelier zum Thema Chancëgläichheet : An dësem Atelier sollen Kanner a Jonker d’Thema Chancëgläichheet erklärt kréien, a léiere wéi et mat der Chancëgläichheet an anere Länner, (déi keng Industrielänner sinn) ausgesäit. Hei gëtt och t’Drettweltproblematik abordéiert. Den Atelier riicht sech un Schüler tëscht 12 an 18 Joer a kann a Klasse mat 10-25 Persoune gemaach ginn.

Atelier égalité des genres : An dësem Atelier sollen d’Kanner a Jonker net just d’Thema Chancëgläichheet fir Männer a Fraen nobruecht kréien, mee och léiere wéi et mat der Chancëgläichheet an anere Länner, déi villäicht keng Industrielänner sinn, ausgesäit. Hei gëtt och Drettweltproblematik an Ënnerscheeder zum Thema Gesondheet, Medien a Beruffswelt abordéiert. Den Atelier riicht sech un Schüler tëscht 14 an 18 Joer a kann a Klasse mat 10-25 Persoune gemaach ginn.

Praktesch Informatiounen

 

Informatiounen zu den “kits pédagogiques” :

D”kits pédagogiques” fannt der am « Centre d’Informatioun Tiers Monde -CITIM » an der 55, avenue de la Liberté à Luxembourg-Ville wéi och am bureau vu PADEM zu Diddeleng an der 1, rue Auguste Liesch.
Fir d’Kiten auszeléine kennt der gären de Pascal Hus (pascal.hus@padem.org) kontaktéieren. Heizou gehéieren och Rollstill an aner Materialie fir d’Atelieren zum Thema Handicap. Bei weidere Froen zum Material zéck net de Pascal HUS ze kontaktéieren!

Dir sidd un engem Atelier vu PADEM an ärer Schoul interesséiert?

Falls der Proff sidd an Iech eis Atelieren interesséieren, zéckt net fir PADEM ze kontaktéieren an en Atelier zesumme mat eis an ärer Klass ze organiséieren.