Wann Dir Iech engagéieren an eis Projeten ënnerstëtze wëllt, da fannt Dir hei verschidde Manéieren, fir dat ze maachen.

Fir all weider Informatioun, Propositioun oder Kandidatur kontaktéiert w.e.g. Padem : info@padem.org


Spenden

Et gëtt verschidden Zorte vu Spenden :

  • finanziell Spenden (eemol de Mount oder punktuell)
    • direkt iwwer eis Spendesäit
    • iwwert eng Facebook-Mouk (Spuerbéchs), déi schonn existéiert oder déi Dir bei der Geleeënheet vun enger Gebuert, engem Gebuertsdag, enger Daf oder engem Bestietnis opmaache kënnt
    • iwwer Är Entreprise mam Payroll Giving (Salariéeën, déi fräiwëlleg de Cents-Betrag vun hirer Pai spenden)
    • Bei groussen Evenementer an Ärem Liewe kënnt Dir Är Frënn froen, fir amplaz vu Blummen oder Cadeauen eng Spend ze maachen. Dofir kënnt Dir eis Bankdate weiderginn, oder eis kontaktéieren, fir virgedréckt Virement-Formulairen ze kréien.
  • Materialspenden
  • Immateriell Spenden (Publicitéitssäiten)
  • Vermiechtnes oder Schenkung

Sech un der Realisatioun vu Missioune bedeelegen

Dir géift gär Är Kompetenzen an den Déngscht vun eiser Associatioun stellen? Dofir bidden sech verschidde Méiglechkeeten un:

  • De Benevolat : PADEM freet sech ëmmer, fir Benevolen opzehuelen. Mir bestëmme mat Iech zesummen d’Missiounen, déi Ären Disponibilitéiten, Interessen an technesche Kompetenzen entspriechen. Et kann zum Beispill drëm goen, op engem Stand ze hëllefen, administrativ Aarbechten ze maachen oder am Beräich vun der digitaler Kommunikatioun ze schaffen.
  • De Kompetenzsponsoring : Ob Dir selbststänneg sidd oder Salarié bei enger Entreprise, Är Kompetenze si wäertvoll a kënne fir eis lokal Partner ganz nëtzlech sinn. Et kann ee Missiounen op der Plaz organiséieren.
  • Den nationale Fräiwëllegendéngscht : Wann Dir tëscht 18 an 30 Joer al sidd an a Lëtzebuerg wunnt, kënne mir Iech fir en nationale Fräiwëllegendéngscht vu 6 Méint bis zu engem Joer unhuelen. Dir kënnt Vollzäit (35 Stonnen) oder Deelzäit zu Diddeleng schaffen, mat punktuellen Deplacementer. Dofir kritt Dir 650€/Mount (bei Vollzäit), d’Fraise fir d‘Deplacementer ginn iwwerholl an Dir sidd bei der Sozialversécherung affiliéiert. Dofir zéckt net, fir Ären CV an e Motivatiounsbréif un emploi@padem.org z’adresséieren!

Den eethesch vertrietbaren Handel

100% vum Benefice ginn an eis Projeten investéiert an dobäi hu Dir zwou Méiglechkeeten:

  • Bei Iech doheem eng Vente z’organiséieren, nom Prinzip vun der Tupperware-Party geet et drëm, eis Produiten an Ärem Bekanntekrees ze presentéieren.
  • E Stand ze halen, sief et op engem Chrëschtmaart, enger Foire, engem Salon, Festival oder enger Veranstaltung. Zéckt net, eis ze kontaktéieren, fir e Verkafsstand mat eise Produiten anzeriichten.

D’Spenden-Béchs

An Ärem Geschäft oder an Ärem Liblingsbuttek kënnt Dir eng Spenden-Béchs op de Comptoir stellen, an déi d’Clienten hir kleng Mënzen awerfe kënnen. Op eng einfach, séier a praktesch Manéier kënnen esou an e puer Woche gréisser Zomme gesammelt ginn!

 

Bestellt Är Spenden-Béchs beim Padem.


Déi sozial Netzwierker

Hëlleft mat, eis bekannt ze maachen, andeems Dir eis suivéiert an op eise soziale Reseauen interagéiert !

Dir fannt eis op FacebookInstagramYouTube a LinkedIn.