“Liewensbedingungen am Süden: Konsequenze fir d’Zukunft vun de Kanner”

Zënter 2014, engagéiert sech d’PADEM beim Lëtzebuerger Ausseministère, fir an de Schoulen, Gemengen a Betriber am Land am Kader vun der Educatioun fir eng nohalteg Entwécklung z’intervenéieren. D’PADEM sensibiliséiert fir d’Liewenskonditiounen am Süden an hir Konsequenzen op d’Zukunft vun de Kanner. Déi proposéiert Ateliere sinn op d’Educatioun vun zukünftegen informéierten a verantwortleche Bierger ausgeriicht,  déi prett sinn, fir géint d’Ongerechtegkeeten an der Welt unzegoen.

PADEM bitt Atelieren zu folgenden Theemen un (dës Lëscht ass net komplett):

  • Workshop “Kannerrechter”: Dësen Atelier soll d’Schüler fir d’Kannerrechter sensibiliséieren an hinne weisen, wéi den Alldag vun de Kanner an anere Länner ausgesäit. Spiller, déi den Atelier interaktiv maachen, droen dozou bäi, datt d’Schüler d‘Matière besser assimiléieren. Dësen Atelier ass fir e Grupp vun 10 bis 25 Kanner (tëscht 8 an 12 Joer) geduecht.
  • Workshop “Eng Zukunft ouni Waasser”: Den Atelier a seng Spiller erlaben eng éischt Aféierung an d’Theema Waasser an d’Problemer vum Zougang dozou. D’Schüler léieren, firwat a wéi ee Waasser, dat a verschiddene Regioune vun der Welt eng rar Ressource ass, spuere kann. Den Atelier soll och d’Theema vun der Nord-Süd Ongläichheet behandelen. Den Atelier riicht sech u Gruppe vu 5 bis 15 Kanner (tëscht 7 an 12 Joer).
  • Workshop “Behënnerung”: Dësen Atelier sensibiliséiert d’Schüler, och unhand vu Spiller, fir déi verschidden Zorte vu Behënnerung (sensoresch, kierperlech, geeschteg asw.) a mécht hinnen d’Schwieregkeete vun de Leit mat enger Behënnerung bewosst. En ass fir e Grupp vun 10 bis 25 jonk Leit geduecht.
  • Workshop “Gläich Chancen oder International Solidaritéit”: Dësen Atelier soll d’Schüler unhand vu Spiller fir d‘Chancegläichheet sensibiliséieren. Dëst Theema ass bewosst allgemeng gehal a kann eng éischt Aféierung sinn a méi spezifesch Theeme wéi Geschlechtergläichheet, Nord-Süd Gläichheet etc. Den Atelier ass fir Gruppe vu 5 bis 20 jonk Leit am Alter vun 12 bis 18 Joer geduecht.

Dës Lëscht fannt Dir och hei : https://bne.lu/organisations/padem/.

Souwéi eis Participatioun um Educational Kit fir d’Agenda 2030 an Themen am Zesummenhang mat der nohalteger Entwécklung an den 17 Sustainable Development Goals (SDGs) hei : https://bne.lu/kit-pedagogique/.

Dës Ateliere kënnen nei interpretéiert ginn als digital Workshoppen. Zum Beispill ass et méiglech, eng Fotosausstellung mat QR-Coden an engem Gank oder an engem Raum z’installéieren. Wann een de QR-Code nieft enger Foto scannt, kann een  Erklärungen liesen am Zesummenhang mat dem Sujet vum Bild.

D’PADEM bitt och Formatiounen u fir Enseignanten, d’Personal vu Maisons Relaisen an all aner erwuesse Persounen, déi mat jonke Leit schaffen, fir datt si déi Ateliere fir d’Kanner an hirer Struktur organiséiere kënnen.

D’Mataarbechter vu PADEM kënne sech och un dësen Ateliere bedeelegen.

D’PADEM organiséiert och Eventer mat de Gemengen: Ausstellung vu Fotoen an ëffentlechen Etablissementer oder an de Butteker, Verdeelung vu Sensibiliséierungsfilmer op den digitalen Terminaler vun der Stad, urban Display, Verëffentlechung an der Gemengenzeitung, digital Campagne op sozialen Netzwierker, gemeinsam Publikatioun vun engem Presseartikel, Radiointerview…

All dës Aktioune kënnen am Laf vum Joer punktuell duerchgefouert ginn, oder speziell wärend engem Weltdag ofgehale ginn (Weltwaasserdag, den 22. Mäerz, Weltdag fir d’Rechter vum Kand, den 20. November etc.).

 

Sitt Dir interesséiert fir eng Interventioun vu PADEM an Ärer Institutioun?

Zéckt net, eis direkt ze kontaktéieren, fir iwwer d’Méiglechkeete vun enger Interventioun ze diskutéieren: info@padem.org