Zur sozialer a berufflecher Entwécklung vu jonke Leit an der Fatick Regioun bäidroen

Zuel vun de Beneficiairen : 250 jonk Leit a 4.000 Schoulkanner

Dauer vum Projet: 2024/2027

Uert: Gemenge Fimela, Diofior, Djilass, Loul Sessene a Palmarin, Fatick Regioun, Senegal

 

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

Jeunesse et Développement (JED) / Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) ass eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si inspiréiert sech un de Valeure vum Scoutismus a steet am Déngscht vun de jonke Leit a vun der Gemeinschaft. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Educatioun, der sozioekonomescher Integratioun an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal. Si ass a folgende Beräicher aktiv: Educatioun vu jonke Leit, Gesondheet, Biergerbedeelegung, Liewenskonditioune vu vulnerabele Gruppen, Ëmweltschutz, Hygiène, Waasser a Sanitär, Formatioun a Mikrokredit.

Kontext

70 % vun der senegalesescher Bevëlkerung sinn ënner 35 Joer al. Den Analphabetismus an d’Aarmut stellen dës jonk Leit viru Schwieregkeete beim Zougang zu der Educatioun an der Gesondheet a behënneren hir sozio-professionell Integratioun. De “Programm fir d’Verbesserung vun der Qualitéit, der Gläichberechtegung an der Transparenz – Educatioun/Ausbildung” an d’Dokument vum Gesondheetsministère iwwer den “Zougang zu de Gesondheetsservicer fir jonk Leit” stellen den Engagement vum senegalesesche Staat vis-à-vis vun dësen Theemen ënner Beweis. Trotzdeem erfuerderen dës Problematiken eng integréiert a ganzheetlech Betreiung.

D’Missioun

Dëse Projet dréit zur Selbststännegkeet vun de jonke Leit bäi, andeems en hiren Zougang zu de sozio-pedagogeschen Servicer an hir sozio-professionell Integratioun verbessert.

Aktivitéiten

-Déi jonk Leit an der Schoul oder fir Beruffsausbildungen aschreiwen a se psychosozial, juristesch, edukativ a berufflech suivéieren.

-Den Entrepreneursgeescht vun de jonke Leit entwéckelen a si beim Start vun hirem Projet (Akommes generéierend Aktivitéit) suivéieren.

-Sensibiliséierung vun de jonke Leit fir d’Notioune vun der reproduktiver Gesondheet, fir d’Selbstbewosstsinn, d’Menstruatiounshygiene an d’Geschlechtergläichheet.

-Grënnung an Ënnerstëtzung vu lokale Kommiteeë fir de Kannerschutz, déi reproduktiv Gesondheet, d’Educatioun an d’Integratioun vun de jonke Leit.

Beneficiairen

150 jonk Leit aus der Schoul (15 – 25 Joer), 100 jugendlech Chômeuren (15 – 25 Joer), 4.000 Schoulkanner, 50 Enseignanten, 30 Conseilleren a 25 Lycéeën