Projeten, Aktivitéiten, Aktiounen

T’Haaptinterventiounsfelder vu Padem sinn déi heiten:

  • Liewensraum : Konstruktioun a Renovatioun vu Logementer
  • Educatioun : Schoulbildung vu Kanner, Ausstattung vu Schoulen, Kampf géint Kanneraarbecht
  • Economie : formation professionnelle, Mikrokrediter
  • Nahrungssëcherheet : Zougang zu : :propperem Drenkwaasser
  • Santé : Opklärungskampagnen, Ausbildung vu Fachpersonal
  • Diverses : Rechtshëllef fir Minoritéiten an diskriminéiert Persounen, Hëllef fir Flüchtlingen

Privilegéiert Zielgruppen

T’Beneficiairen vun eise Priojeten sinn un allereischter Stell Kanner an hier Famillen. Méi allgemeng profitéieren awer och all aner Persounen oder Gruppe vu Persounen vun eise Projeten, déi an prekäre Liewenskonditiounen liewen oder denen hier Rechter net respektéiert ginn : Handikapéiert Léit déi diskriminéiert ginn, mësshandelt Fraen déi hier Rechter net därfen verteidegen, zwangsbestuedt Jugendlecher, krebskrank Kanner ouni Behandlungsméiglechkeeten, jonk Meedercher a ländlechen Regiounen ouni Zougang zu Ausbildung, ganz Dierfer ouni Zougang zu Waasser, ëenerbezuelten Aarbechter, schlecht logéiert Famillen, Kanner déi aus der Schoul geholl ginn fir schaffen ze goen, exploitéiert Bauerenaarbechter, Kanner déi gezwonge ginn bettelen ze goen.