Déi integréiert Handlunge vum Gemeinschaftstourismus, der organescher Landwirtschaft an der Ausbildung ginn e Vektor vun der nohalteger Entwécklung an de Gemeinschaften, déi d’Liewensbedingunge vun de Kanner vum Sacred Valley of Cusco verbesseren

Zuel vun de Beneficiairen: 50 Kanner (tëscht 3 a 6 Joer), 90 Kanner (vun all Alter) an 80 Familljen

Dauer vum Projet: 2024/2027 – 4 Joer

Uert: D’Dierfer Chupani, Patacancha, Ponccolay, Andenes an Ayarmaca am Departement Cusco

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

D’Rufada ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck fir déi finanziell, administrativ an technologesch Ënnerstëtzung vun den isoléierten a benodeelegte Populatioune vum Hellegen Dall am Peru. Hir Projete besti virun allem dran, dat traditionellt Wësse vun de Communautéiten ze respektéieren an dobäi Aktivitéiten z’entwéckelen, déi en Akommes garantéieren. D’Rufada huet och schonn Aktivitéiten duerchgefouert, déi haaptsächlech d’Erzéiung an d’Gesondheet vun de Kanner an hire Famillje betreffen.

Kontext

D’kierperlech Bestrofung, dat schwaacht Erzéiungssystem an d’Ernärungsonsécherheet sinn déi gréisst Problemer am Peru a betreffen haaptsächlech d’Kanner. Effektiv huet 1 Kand vu 4 (am Alter vun 3 bis 5 Joer) keen Zougang zur Educatioun. Zousätzlech kann d’Hallschent vun der Bevëlkerung sech net anstänneg ernären (Mangel u Protein, Eisen a Vitaminn B2) an entwéckelt dofir eng Anemie. Fir eng Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de Kanner z’erreechen, ass d’Fërderung vun der Educatioun, vun enger gudder Ernärung, a vum Schutz an der ekonomescher Entwécklung vun de Familljen néideg.

D’Missioun

Dëse Projet entwéckelt integréiert Aktioune fir d’Liewenskonditioune vun der Bevëlkerung, a speziell vun de Kanner, ze verbesseren.

Aktivitéiten

-Eng Spillschoul zu Ponccolay bauen an d’Spillschoul vun Andenes rehabilitéieren.

-D’Kompetenze vun de Fraen am nohaltegen Tourismus (Gestioun, Administratioun, Entrepreneursgeescht, Textilien asw.) stäerken.

-De Bësch vu Chupani nei uplanze mat Fierfplanzen a Beem.

-5 Zäre bauen a Formatioune fir biolandwirtschaftlech Techniken an de 5 Dierfer ubidden.

-Ernärungsënnerstëtzung (Narungsergänzung mat frësche Produiten) fir d’Kanner vu 4 Spillschoulen ubidden.

-D’Famillje fir d’Theeme vun der Gesondheet, der Ernärung, der Gewalt am Stot an dem Mobbing an der Schoul sensibiliséieren.

Beneficiairen

50 Kanner (tëscht 3 a 6 Joer), 90 Kanner (vun all Alter) an 80 Familljen