Ausbau vun der Grondschoul “La Grande Royale” zu Guinaw Rail Nord a Bau vun engem Lycée
Zuel vun de Beneficiairen : 400 Schüler
Dauer vum Projet : 2024/2027 – 4 Joer
Uert : Gemeng Guinaw Rail (Norden), Departement Pikine
Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère
D’WARANKA GR (Valorising and Improving Ressources and the Environment in Neighborhoods) ass eng lokal Entwécklungsorganisatioun mat Sëtz zu Pikine an de Banlieue vun Dakar, am Distrikt Guinaw Rail. Zënter hirer Grënnung am Mee 2004 huet se vill Aktivitéiten am Beräich vun der Gesondheet, der Educatioun, der Beruffsausbildung an dem Ëmweltschutz duerchgefouert.
Kontext
Am Senegal verfüge verschidde Regiounen nëmmen iwwert eng relativ schwaach Erzéiungsoffer, trotz den Efforte vun den ëffentlechen Autoritéiten, fir d’Situatuion ze verbesseren. Dat trëfft och op d’Gemeng Guinaw Rail Nord zou, déi ongenügend Schoulinfrastrukturen huet a souguer iwwerhaapt keng am Cycle moyen secondaire. Et gëtt just eng eenzeg ëffentlech Schoul, an d’Lycéesschüler musse baussent der Gemeng, an iwwerfëllten Etablissementer an d’Schoul goen (100 Schüler pro Klass). D’Waranka GR huet eng Associatiounsschoul gegrënnt, “La Grande Royale” genannt, fir géint de Schoulausfall ze kämpfen.
D’Missioun
Dëse Projet besteet an enger Vergréisserung vun der Grande Royale, fir d’Erzéiungsoffer an der Gemeng Guinaw Rail ze verbesseren an d’Riske vum Schoulofbroch an der Onsécherheet ze bekämpfen.
Aktivitéiten
-En neie Lycée bauen an ekipéieren, qualifizéiert Personal recrutéieren.
-Schülerveräiner grënnen (déi Theeme wéi d’Gesondheet, d’Liewensqualitéit an den Entrepreneursgeescht opgräifen), Aktivitéiten (sozio-edukativ a sportlech) a Computercoursen organiséieren.
– « La Grande Royale » vergréisseren, besser ariichten a mat didakteschem Material ekipéieren.
Beneficiairen
400 Schüler a Léierpersonal vun der Schoul La Grande Royale a Professere vum Collège