De Kanner di op den Dreckstippe vun Dandora liewen a schaffen eng Ausbildung, an eng Zukunft bidden

Status: fäerdeg gestalt | Zuel vu Beneficiaire : 50 Kanner a 70 Elteren

Lafzäit vum Projet : 1 Joer

Wou? : Dreckstippe vu Dandora, Nairobi, Kenia

 

Lokal Partner

Dandora Dumpsite Rehabitilation Group (DADREG)

Problematik

Op den Dreckstippe vu Dandora schaffen a liewe Kanner, mat oder och ouni hir Mammen. Do verbréngen se hiren Dag domatten Offäll ze sortéieren, dat fir Iessen ze fannen, Plastik ze sammelen an e bësse Suen ze verdéngen. D’Kanner an hir Mamme kommen aus aarme Familljen a liewe meeschtens a Slums ronderëm t’Dreckstippen oder souguer op den Dreckstippe selwer.
D’Mamme verdénge manner wéi een Dollar pro Dag a mussen sech meeschtens em op mannst zwou Kanner bekëmmeren. Dowéinst Liewen d’Fraen an hir Kanner meeschtens an extrem aarme Verhältnisser.
Well d’Liewensennerhaalungskäschten sou deier sinn, hunn d’Frae keng Méiglechkeeten hir Kanner an d’Schoul ze schécken dovun ofgesinn sech de Loyer fir eng Anstänneg Bleif ze leeschten. Si wunnen a liewen op der Plaz wou se schaffen, also um Dreckstipp, wat net just gesondheetlech problematesch ass, mee deelweis, wéinst den toxeschen Offäll och geféierlech ass.Well d’Kanner keng Ausbildung kréien, verbréngen se am schlëmmste Fall hir d’Ganzt liewen domatten um Dreckstipp ze schaffen.

Ziler/ Aktivitéiten

Der DADREG no ass d’Integratioun vun de Kanner an de Schoulsystem deen eenzege Wee aus dem Däiwelskrees erauszekommen an net nëmmen hinne mee och hire Mammen eng Chance fir eng anstänneg Zukunft ze bidden, well et hinnen doduerch méiglech ass en normale Beruff auszeféieren.
Et geet also dorëms, eng dauerhaft Ausbildung unzebidden, dat fir op mannst 50 Kanner déi op den Dreckstippe liewen a schaffen, dat mat hëllef vun:

  • engem allgemengen Noutprogramm fir 50 Kanner a Jugendlecher (Gesondheet, Ernärung a psychologesch Ënnerstëtzung), Pädagogesch Programmer an medezinesch Betreiung fir all Kand
  • Beruffsausbildung an engem vun den Zentre vun der DADREG, wou 30 Jugendlecher an 20 Kanner, e staatleche Kuer ophuele kennen (Schoulmaterial, Ausbildung, Aktivitéit an dem Beräich an dem se dono schaffe wëllen organiséieren, Certificat d’Aptitude organiséieren, Uniformen a Schoulmaterial kafen….)
  • Patenschafts-System mat Persounen déi ähnlech Problemer haten an et gepackt hunn aus dëse Verhältnesser erauszekommen a finanziell Ënnerstëtzung fir« kits professionnels » ze kafe fir d’Kanner a Jonker ze motivéiere spéider schaffen ze goen
  • Beruffsausbildung fir d’Elteren oder déi Persounen déi sech em d’Kanner këmmeren, fir finanziell op eegene Been stoen ze kennen an sou mann wéi méiglech op den Dreckstipp musse schaffen ze goen