Preventioun vu genderbaséierter Gewalt a Géigemoossnamen an de Bidonville vu Mathare wärend der Period vu Covid-19

Stand vum Projet : ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 300 Kanner a Fraen am Bidonville, déi Affer vu Gewalt sinn

Dauer vum Projet : 4 Méint

Uert : Bidonville vu Mathare, Kenia

Lokale Partner

De Legacy Education Center (LEC) ass eng Institutioun ouni Gewënnzweck, déi 2010 gegrënnt gouf, fir Aktiounsprogrammer opzestellen, déi d’Fraen an déi jonk Leit stäerken an autonom maachen a Bildungschancë schafe fir déi am meeschte benodeelegt Kanner aus der Communautéit vum Bidonville Mathare. Et handelt sech em eng gemeinschaftlech Organisatioun, déi bei der kenianescher Regierung ënnert der Nummer KAS / CBO /5/4/2012/495 enregistréiert ass.

Den LEC huet an der Vergaangenheet verschidde Projete mat Erfolleg duerchgeféiert, dorënner zum Beispill de Sponsoring-Programm Safisha Kijiji (Haalt Äre Bidonville propper!). En anere Projet hat d’Zil, datt all d’Meedercher nees zréck an d’Schoul ginn. Bei weidere Projete goung et em d’Entwécklung vu Kompetenzen am Entreprenariat a vu méi Autonomie fir d’Kanner duerch de Sport.

Kontext

Am Bidonville vu Mathare, deem gréisste Bidonville vum Kenia, liewe vill Awunner ënnert der Aarmutsschwell. Déi meescht vun hinne sinn am Chômage an déi wéineg Leit, déi eng zäitlech begrenzten Aarbecht fannen, liewe vun der Hand an de Mond. D’Awunner vun dësem Bidonville sinn haaptsächlech vun zäitlech limitéierten Aarbechten ofhängeg: si schaffen als Haushaltshëllef, wat virun allem op d’Fraen zoutrëfft, oder a Fabricken, wat virun allem d’Männer betrëfft. Zënter d’Covid-19-Pandemie de Kenia erreecht huet, sinn déi meeschte Fabricken zougemaach ginn a, konform zu den Direktive vun der Regierung iwwert déi sozial Distanziatioun, hu vill Fraen hir Aarbecht als Haushaltshëllef verluer.

Säitdeem d’Kanner doheem sinn an hir Elteren am Chômage, huet den LEC ganz héich Tauxe vun haislecher Gewalt an de Famillje festgestallt. Vill Frae leiden am Stëllen, well si physesch a psychesch an hirem Stot maltraitéiert ginn. D’Kanner erliewen déi Mësshandlungen heiansdo mat, ouni ze wëssen, wat se dogéint maache kënnen. Dës Situatioun huet dozou geféiert, datt vill Mariagen an d’Bréch ginn an d’Frae mat hire Kanner vun doheem fortlafen. D’Kanner si meeschtens och Affer vun der haislecher Gewalt.

D’Missioun

D‘Haaptobjektiv ass, d’Preventioun vun der haislecher Gewalt a Géigemoossnamen am Bidonville vu Mathare.

Dat spezifescht Objektiv ass d’Gewalt an de Stéit op laang Siicht ze reduzéieren, duerch d‘Opklärung iwwert déi negativ Effete vun der Gewalt an duerch eng psychosozial Ënnerstëtzung an e Suivi vun de Familljen am Bidonville.

D’Aktivitéiten

  • Sensibiliséierung an Opklärung iwwert d’Effete vun der genderbaséierter Gewalt
  • De Persounen, déi ënnert der Gewalt leiden, en Zougang zu psychosoziale Servicen ubidden, wéi Berodung an Therapien (Zeechnen, Molen, Liesen…)
  • De Persounen, déi Affer vu Gewalt sinn, eng medezinesch Hëllef ubidden an Hygièneskitter an Iessen u si verdeelen

D’Beneficiairen

Direkt : 300 Kanner a Fraen am Bidonville, déi Affer vu Gewalt sinn

Indirekt: 1000 Persounen, also déi ganz Gemeinschaft