Erzéie fir eng erfollegräich sozial Integratioun mat der ONG Hardi

Zuel vun de Beneficiairen: 400 Kanner an 250 Elteren

Dauer vum Projet: 2024/2027 – 4 Joer

Uert: Urban Gemeng vun Antanarivo a ländlech Gemeng Soavina, Analamanga Regioun

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

HARDI MADAGASCAR ass eng ONG no madagasseschem Recht, där hir Missioun déi wirtschaftlech a sozial Integratioun vun de Kanner a jonke Leit aus vulnerabele Familljen ass. Si setzt sech a fir d’Pre-Scolarisatioun vun deene klengen, fir den Erhalt vun der Scolaritéit an d’berufflech Orientatioun vun deene jonken a fir d’Beschäftegung an d’Selbststännegkeet vun deene méi ale Kanner. D’ONG schafft och mat de Familljen zesummen, déi eng wichteg Roll fir d’Zukunft vun de Kanner a jonke Leit iwwerhuele kënnen, besonnesch duerch Aktivitéiten, déi d’Entwécklung vun de Kapazitéiten ënnerstëtzen oder duerch ekonomesch Aktivitéiten.

Kontext

Obschonn de madagassesche Staat eng besser Gronderzéiung fir d’Kanner ubidde wëll, bleift Madagaskar dat Land mat deem 4.-héichsten Taux, wat de Réckstand vun de Kanner ënner 5 Joer betrëfft. Dëse Manktem un Opgeschlossenheet an Ureegung zu pedagogeschen Aktivitéite féiert dacks zum Schouloofbroch an zu Integratiounsproblemer an de mëttlere Klassen. Dës Situatioune ginn duerch déi finanziell Problemer vun de Stéit nach verschäerft. Dobäi spillt déi fréizäiteg Fërderung eng weesentlech Roll fir d’Entwécklung vum Gehier a fir eng erfëllte Kandheet.

D’Missioun

Dëse Projet soll de Schoulkurrikulum vun de Kanner aus de vulnerabelste Familljen duerch eng fréizäiteg Fërderung vun der prescolairer Erzéiung verbesseren.

Aktivitéiten

-Spillschoulzentren ariichten an ekipéieren, fir en Ëmfeld ze schafen, dat der Entwécklung vun de Kanner gerecht gëtt.

-De Kanner erlaben, un engem offizielle Programm, dee vun engem professionellen Team mat innovativen Approchen duerchgeféiert gëtt, deelzehuelen.

-D’Elteren ënnerstëtzen a sensibiliséiere fir d’Scolaritéit, fir déi verschidden Zorte vu Gewalt, fir d’Regulariséierung vun de Gebuertsschäiner a fir d’Entwécklung vun Aktivitéiten, déi hinnen en Akommes erlaben.

-D’Kapazitéite vun enger lokaler Organisatioun fir d’Entwécklung vun Aktivitéiten an der fréier Kandheet stäerken.

Beneficiairen

400 Kanner, déi 5 Joer al sinn (250 Meedercher an 150 Jongen) an 250 Elteren (dorënner 200 Fraen)