Ausbau vum Handwierksproduktiounszenter fir Fraen a vun der Crèche zu Thhylla

Zuel vun de Beneficiairen : 269 Kanner an 200 Fraen a Meedercher

Dauer vum Projet : 2024-2027 / 4 Joer

Uert : Gemeng Ouarkhokh, Departement Linguere, Regioun Louga, Senegal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Ministère des Affaires Étrangères du Grand Duché de Luxembourg

Lokale Partner

D’Associatioun Jappo gouf de 25. Dezember 2005 zu Dakar gegrënnt. Et handelt sech em eng Associatioun ouni Gewënnzweck, déi vum Inneministère unerkannt ass. Jappo Liggeye Thylla ass eng lokal Entwécklungsassociatioun zu Thylla, mat Sëtz zu Dakar. Si besteet haaptsächlech aus Persounen, déi gebierteg vun Thylla sinn. Hiren Interventiounsberäich läit dofir och zu Thylla. Hir Haaptziler bestinn dran, d’Leit aus dem Duerf zesummenzebrénge, fir iwwer déi lokal Entwécklungsprojeten an de folgende Beräicher nozedenken : d’Gesondheet, d’Educatioun, d’Ëmwelt an déi ekonomesch Entwécklung.

Kontext

Ouarkhokh huet nëmmen eng Grondschoul an ee Lycée, deen 3 km méi wäit ewech läit. De Manktem u Schoulstrukturen ass e reelle Grond fir de Schoulofbroch an den Analphabetismus bei de Kanner. Zousätzlech dozou ass d’Landwirtschaft mam Problem vun der Veraarmung vum Buedem an dem Waassermanktem konfrontéiert. An deem Kontext sinn d’Fraen an d’Meedercher ekonomesch a sozial déi am stäerkste Benodeelegt. Dofir gouf beim leschte Projet e polyvalenten Zenter fir d’Agrartransformatioun gebaut, fir datt si hir Kapazitéite voll entwéckele kënnen.

D’Missioun

De Projet soll de Fortbestand vum polyvalenten Zenter sécheren an d’Eegestännegkeet vun de Fraen duerch d’Entwécklung vun hiren Aktivitéiten am Zenter garantéieren.

Aktivitéiten

-Eng sozial Crèche bauen an ekipéieren, wou d’Kanner gebuerge sinn a vun ausgebilte Monitricen ënnerriicht kënne ginn.

-D’Mamme fir d’Theeme sensibiliséieren, déi hir Gesondheet an déi vun hire Kanner betreffen.

-D’Frae vum Zenter ausbilden an de Verpackungstechniken, am Marketing, an de kommerziellen Techniken, de modernen Bitztechniken, den Technike vum Fierwen an der Serigraphie.

-Rostoffer (Kaffi) an Aarbechtsmaterialien (Stëfter) kafen, fir eng gutt Produktioun vum Zenter ze garantéieren.

-E Lager bauen, fir d’Rostoffer an d’Produktioun ze stockéieren.

Beneficiairen

269 Kanner (vun 0 bis 5 Joer) an 200 Fraen a Meedercher, déi d’Schoul ofgebrach hunn