Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun den Aarbechter op de Plantagen am Sri Lanka, mat engee neier Demarche fir d’Léisung vun der Wunnengsproblematik
Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen: 75 000 Persounen
Dauer vum Projet: 2007-2013, 6 Joer
Lokale Partner
NWC (National Workers Congress)
Programm-Partner : Abbé-Pierre-Stëftung
D’Missioun
D’Liewenskonditioune vun den Aarbechter op de Plantagen am Sri Lanka verbesseren
D’Aktivitéiten
- Konstruktioun vun 131 eenzelen Haiser, déi an zwee Dierfer opgedeelt sinn, dovunner een Haus fir eng Persoun mat Handicap
- Kampf géint d’Kanneraarbecht
- Berufflech Ausbildung fir iwwer 1500 jonk Leit
- Net-formell Educatioun fir iwwer 500 Kanner
- Ariichte vun 11 Rehabilitatiouns
- Cooperativen an 10 communautairen Zentren
- Programmer fir en Zougang zum Waasser an zur Elektrizitéit, konstruktioun vu 500 Toiletten
- Ariichte vu Raim fir ze raschten
- Renovéierung vun Infrastrukturen: Waasser, Toiletten, Elektrizitéit, communautaire Zentren …
- Ariichte vun engem Fong fir Mikro-Kredit zu Gonschte vun iwwer 850 Persounen
- Erneierung vun den Diech vu kollektive Wunngebaier, de „Laimas“
- Opwäertung vun der Roll vun de Fraen, Formatioun fir Erwuessener, Kampf géint den Alkoholismus, Encouragement fir ze spueren …
- Lobby-Aarbecht bei den Téi-Gesellschafte fir besser Liewenskonditioune vun den Aarbechter
- Sensibiliséierung vun den Erwuessenen
- Betreiung vu Persoune mat Handicap
- Betreiung vun eelere Persounen
D’Beneficiairen
75 000 Persounen