Keng Gewalt géint Kanner : mir setzen eis an, fir eng inklusiv Educatioun vu Kanner mat Handicap

Stand vum Projet : am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 900 Kanner mat Handicap

Dauer vum Projet : 2017/2027, 11 Joer

Uert : Departement vun Tivaouane, Senegal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère, an duerch asbl Diddeleng Hëlleft vum Diddeleng.


                                     

Projet Resumé

Lokale Partner :

Jeunesse et Développement (JED) des Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal (EEDS)

Bei der EEDS handelt et sech ëm eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si huet am Joer 1988 d’JED an d’Liewe geruff, déi sech genee wéi d‘EEDS un de Valeure vum Scoutismus inspiréiert an am Déngscht vun der Gemeinschaft steet, awer mam Fokus op déi Jonk. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioökonomescher Aglidderung an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal. Si ass a folgende Beräicher aktiv:

  • Erzéiung a Bildung vun der Jugend
  • Gesondheet
  • Biergerbedeelegung
  • Liewenskonditioune vu benodeelegte Gruppen
  • Schutz vun der Ëmwelt
  • Hygiène, Waasser a Sanitär
  • Berufflech Ausbildung a Mikrokredit

D’Problematik

D‘Persoune mat Handicap si mat organisatoreschen an techneschen Defiziter confrontéiert a ginn ëmmer nach marginaliséiert an ausgeschloss, trotz der Adoptioun vu Konventiounen a Gesetzer, déi hinnen d’Recht op eng besser Liewesqualitéit zouséchert. An deem Zesummenhang kann een eng ganz Rei vu Problemer feststellen: Problemer bei den physeschen an/oder geographeschen Zougäng, bei der Prise en Charge duerch Enseignanten, feelende Kapacitéite fir eng sanitär a physiologesch Betreiung, der Akzeptanz vum Handicap duerch d’Schoulgemeinschaft a bei de schwaache Perspektive fir den Zougang zum Studium.

Ziler / Aktivitéiten

De Projet besteet doran, den Accueil an d’Integratioun vun de Kanner mat Handicap ze erliichteren. Am Departement vun Tivaouane soll d’Chancëgläichheet vun de Kanner mat Handicap duerch en inklusiven Educatiounsmodell realiséiert ginn. Dat geschitt haaptsächlech duerch Sensibilisatiounen a Formatiounen, d‘Prise en Charge vun de Kanner an d‘Begleedung vun den Elteren souwéi duerch d‘Upassung vum Equipement fir den Zougang zu de Schoulen. Folgend Moossname ginn dobäi ëmgesat:

  • Bilan vun der Situatioun vun de Kanner mat Handicap an Etüd iwwer déi educativ Offer
  • Sensibilisatioun, Formatioun an Ariichtung vun engem inklusiven Erzéiungsservice (Amenagementer fir den Zougang z‘erméiglechen, Ausschaffe vu personaliséierte Projeten, …)
  • Sanitär Prise en Charge vun de Kanner, Iwwerweisung vun de Kanner mat spezifesche Besoinen fir eng sanitär Readaptatioun un spezialiséiert Zentren, Begleedung a Schutz vun de Kanner viru physescher a sexueller Gewalt, Sensibilisatioun fir d’Präventioun vu Behënnerungskrankheeten
  • Ënnerstëtzung bei der Inklusioun souwuel an der Famill wéi och an der Gesellschaft (Sensibilisatioun duerch Konferenzen, ëffentlech Séancen, Radiossendungen, Visitten doheem, …)
  • Plaidoyeren fir d‘Alphabetisatioun vun de Fraen, Aktivitéiten, déi den Elteren en Akommes verschafen, Sozio-edukativ Animatiounen
  • Suivi a Kapitalisatioun

D‘Beneficiairen

  • Direkt Beneficiairen :
    • 900 Kanner mat Handicap an/oder benodeelegt Kanner an hir Familljen
    • 1300 Membere vum Educatiounssecteur
    • 180 institutionaliséiert Acteuren
  • Indirekt Beneficiairen: d’Meenungsleaderen, d’Membere vum Iwwerwaachungs- a Protectiounscomité an d’Populatioun vum Departement Tivaouane : Méi wéi 10 000 persounen
De Projet am Detail

Faire un don pour les enfants en situation de handicap de Mboro


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€