Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de benodeelegte Populatiounen duerch d‘Gemeinschaftsparticipatioun an de ger Distrikter vun Ulan Bator

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : Ongeféier 300 Awunner vun den Distrikter vun Ulan Bator

Dauer vum Projet : 18 Méint

Uert : Ulan Bator, Mongolei

Logo de la fondation abbé pierre

Logo HLO

Lokale Partner

D‘HLO (Healthy Life Organisation) ass eng mongolesch Associatioun, déi als Zil huet, d’Liewensqualitéit vun de Populatiounen ze verbesseren, andeems se d’Leit dobäi ënnerstëtzt, fir psychologesch méi resilient ze ginn. D‘Suvd, d‘Grënnerin vun der ONG, ass Dokter an Dozentin op der Uni. Si huet decidéiert, eng ONG ze grënnen, fir eng Ausbildung, déi am Ufank fir hir Medizinsstudent*inne geduecht war, och deene vulnerabelste Populatiounen zougänglech ze maachen, soudatt se hir eege kierperlech a psychologesch Kapazitéiten entwéckelen an e gesond Ëmfeld opbaue kënnen, dat hirer perséinlecher Entwécklung zeguttkënnt.

Sou schafft d’ONG zanter 2016 mat ënnerschiddleche Gruppen, wéi blann Kanner oder Leit mat enger Behënnerung.

Kontext

D’HLO wëll verschidden Aktivitéiten an de ger Bezierker duerchféieren, déi iwwerfëllt sinn a keng Infrastrukturen hunn.

Dene meeschte Famillje feelt et un Toiletten an Duschen an hire Wunnengen. Haiser a Jurte si schlecht isoléiert, an d’Awunner si ganz op Kuelen ugewisen. Méi wéi 85% vun hinne benotzen e Kuelenuewen als Heizung. Si mussen 30% bis 40% vun hirem Akommes fir Brennstoff ausginn a sinn domat energeetesch an enger prekärer Situatioun. Doduerch kënnt et och zu enger Loftverschmotzung, déi weltwäit zu den héichsten zielt, wann an de ger Distrikter am Wanter d‘Konzentratioun vu PM 2.5  méi wéi 100 Mol sou héich ass wéi d’Recommandatiounen iwwer 24 Stonne vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) (Nationalen Zenter fir Ëffentlech Gesondheet an UNICEF 2018).

D’Missioun

Allgemengt Zil: Dozou bäidroen, d’Liewenskonditiounen an den ënnerprivilegiéierte Quartiere vun Ulan Bator (Mongolei) ze verbesseren

Spezifescht Zil: D‘Liewenskonditioune vun de marginaliséierte Gruppen duerch Gemeinschaftsparticipatioun a Stäerkung vun hire Kapazitéite verbesseren

Aktivitéiten

  • Bestandsopnam a Selektioun vun de Beneficiairen fir isoléiert Wunnengen a fir ageriichten Toiletten, opgrond vu festgeluechte Critèren
  • Ausbildung fir d‘Gemeinschaftsekippen
  • Berodungsservicer fir d’Beneficiairen an de Beräicher Konstruktioun an Architektur
  • Verdeelung vu Renovatiounsmaterialier an Ëmsetzung vun der individueller Isoléierung vun de Wunnengen duerch d‘Bedeelegung vun der Gemeinschaft
  • Déi nei gewonne Kompetenzen am Beräich vun der Verbesserung vun der Wunnsituatioun un d‘Nopeschfamillje weiderginn

D‘Beneficiairen

64 Familljen, déi vun der Ausbildung am Beräich vun der Isoléierung an der Fabrikatioun vun Toilettekabinne profitéieren

100 Awunner, déi vun der Bau- a Renovéierungsberodung profitéieren

100 Awunner, déi vun der Verbreedung vum Projet sengem praktesche Wëssen profitéieren