Verbesserung vum Zougang zum Drénkwaasser a vun de sanitären an hygienesche Konditioune vun de benodeelegte Populatiounen an de Ger Distrikter vun Ulan Bator

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 1000 Awunner vun de Ger Distrikter vun Ulan Bator

Dauer vum Projet : 18 Méint

Uert : Ulan Bator, Mongolei

Logo de la fondation abbé pierre

Lokale Partner

Zënter 2015 realiséiert d‘WAM (WaSH Action Mongolia) Projete vu Waassersanéierung, vun Hygiène a vun Offallmanagement an der Mongolei, entwéckelt hir Expertisen an ass als ee vun de wichtegste WaSH-Experten an Mongolei unerkannt ginn.

D‘WAM huet sech mat villen Organisatiounen zesummegedoen, fir hir Erfarungen an hir technesch Optiounen ze verbreeden a fir gemeinsam dozou bäizedroen, d’Liewensqualitéit vu villen Awunner an der Mongolei ze verbesseren.

Kontext

D‘Awunner vun de Ger Distrikter sinn dacks enger ganzer Rei vun Infektiouns- an anere Krankheeten ausgesat, dorënner Duerchfallkrankheeten, Hepatite A, Krankheete vun den Hänn, de Féiss an dem Mond souwéi Dysenterie, déi mat der Waasserversuergung an der sanitärer Situatioun ze dinn hunn. Dofir mussen nieft der Installatioun vu sanitären Anlagen an der Liwwerung vun deem néidegen Ekipement fir eng sécher Waasserversuergung, och Aktivitéiten an de Beräicher vun der Sensibiliséierung an Ausbildung, fir eng gutt Hygiène ze garantéieren, duerchgeféiert ginn.

D’Missioun

Allgemengt Zil: Dozou bäidroen, d’Liewenskonditiounen an den ënnerprivilegiéierte Quartiere vun Ulan Bator (Mongolei) ze verbesseren.

Spezifescht Zil: Duerch e besseren Zougang zum Waasser an zu de sanitären Ariichtungen fir déi marginaliséiert Gruppen an de Ger Bezierker (visuell behënnert Persounen oder Familljen mat engem klengen Akommes)  déi ëffentlech Hygiène verbesseren.

Aktivitéiten

  • Ariichte vu moderniséierte versigelte Grouf-Latrinnen mat enger Zetär fir d’Growaasser fir déi Stéit, déi no bei der Waasserquell (Floss) wunnen
  • Ariichte vu verbesserten onversigelte Grouf-Latrinnen
  • Verbesserung vun der Sécherheet bei der Waasserversuergung vun de Stéit
  • WASH Training fir d‘Beneficiairen

Beneficiairen

1000 Awunner vun der Ger Distrikter vun Ulan Bator