Ariichte vun engem centre d’acceuil am Norde vu Kosovo, fir Leit aus Serbien déi mat engem Handicap liewen

Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiaire : 47 072 deenen hir 1 072 direkt beneficiaire

Lokale Partner

D.E.A Mitrovica, Democratization, Education, Advocacy, lokal ONG, gegrënnt vu fréiere Salariéë vu PADEM am Kosovo

Problematik

Wéi vill Persounen am Kosovo genee mat engem Handicap liewe mussen ass net genee gewosst, Schätzunge vun der UN no waren et 2012 der em déi 150.000, d’Kosova Agency of Statistics huet der em di 93.000 gezielt.
De Gesondheetssystem am Kosovo gëtt de Besoine vu Leit mat Handicap leider net gerecht. Dofir ginn et einfach net genuch Infrastrukturen, Personal a scho guer net de Budget – dat ass virun allem an de méi ländleche Géigenden e Problem. Doduerch hunn concernéiert Persounen a Kanner och schlechte bis keen Zougang zu enger Ausbildung, vue dass et u Schoule fir Leit mat Handicap feelt. Dëst féiert dann dozou dass sech Leit di mat engem Handicap liewen net spezialiséiere kenn a keng richteg Chancen an der Beruffswelt kréien. Diskriminatioune gehéiere fir sie zum Alldag. 80% vun hinne gehéieren zu der äermster Bevëlkerungsschicht aus dem Land.
D’Regierung prioriséiert dëst leider net genuch an hirer politescher Agenda.Vill Leit mat Handicap mussen also op de serbesche Gesondheetssystem zeréckgräifen.

Ziler/ Aktivitéiten

D’Zil vum Projet ass et e centre d’Accueil zu Mitrovica anzeriichten deen eng Vilfalt u Servicer fir Leit mat Handicap proposéiert. Eng unité mobile soll de Radius vun de Servicer dann op de ganzen Norde vum Kosovo ausdehne kennen.

Aktivitéiten

  • Astelle vu spezialiséiertem Personal fir d’Entwécklung an d’Educatioun fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener ze erméiglechen
  • Ariichte vun enger unité mobile fir de Leit aus de méi entleeënen Gebidder hëllefen ze kennen (Medezinesch Consulten, Juristesch Berodung, Fräizäit-Aktivitéiten….
  • Organisatioun vu kulturellen Owenter
  • Beruffsausbildung an Informatik
  • Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung

Beneficiaire

  • Direkt Beneficiaire : 1072 Persoune mat Handicap
  • Indirekt Beneficiaire : 46 000 Persounen