Accès zu propperem Drénkwaasser a Bau vu Sanitäranlage fir t’Kanner aus Homa Bay County
Stand: fäerdeg gestallt | Unzuel vu Beneficiairen: 765 Kanner
Interventioun: Otaro, Homa Bay County
Lokale Partenaire:
African Network for the Prevention and Protection against Child Abuse and Neglect (ANPPCAN)
Problemer op der Plaatz:
- Vun de 45. Milliounen Awunner a Kenia sinn t’Halschent Kanner a Jugendlecher am Alter vu 0 an 18 Joer.
- Am ganze Land huet nëmmen Een Drëttel vun den ëffentleche Schoulariichtungen Accès zu propperem Drénkwaasser a Latrinen
Beneficiairen:
765 Schüler aus de Schoulen aus Otaro:
- 301 Schüler aus der Primaireschoul (am Alter zwësche 5 a 14 Joer)
- 464 Schüler aus dem Lycée (am Alter zwësche 15 a 19 Joer)
- Elteren an Duerfgemeinschaft profitéiere vum Waasser, dat se kafe kennen.
Aktivitéiten:
An dësem Projet ass virgesinn:Renovéierung a Konstruktioun vun:
- Toiletten a Lavaboen an der Primaireschoul an am Lycée vun Otaro
- Eng Waasserpompel fir t’Schüler a Awunner am Duerf
- Bau vun enger Citern an all Schoul
Virgesinn ass och:
- Grënnung vu engem Comitée den sech fir t’Erhalung vun der Infrastruktur këmmert
- Ateliere fir t’Opklärung vun Hygiènesfroe fir t’Schüler an Awunner vum Duerf
- Opklärungsworkshops iwwert Mënscherechter
- Bau vun engem Büro fir t’Versuergung vu de Kanner am Fall wou e Problem sollt sinn (Gewalterfahrung, Mëssbrauch asw.)