Ouverture vun engem Zentrum fir jonk Meedercher (filles intouchables) am Jodhpur, fir se an hirer Selbstännegkeet ze ënnerstëtzen a fuerderen
Completed | Unzuel vu Beneficiairen : 30 jonk Meedercher
Interventioun am Jodhpur, Rajasthan
Lokale Partenaire : Sambhali Trust
Problemer op der Plaatz:
- Educatioun vun de Meedercher ass ganz schwéier ëmzesetze well se ënner duebeler Diskriminatioun leiden: wéinst hirem Geschlecht a sozialer Zougehiereschkeet am Kastensystem
- Am Rajasthan ass t’Schoulausbildung vun de Fraen am niddregste vum ganze Land. Nëmme 47, 6% vu de Fraen aus Rajasthan ginn a Schoul, am Verglach zu 65,46% um nationalen Niveau
- Dës Frae ginn all Dag verbal a physesch ugegraff
Beneficiairen:30 jonk benodeelegt Fraen am Alter vun 12 bis 19 Joer
Aktivitéiten:
De Projet gesäit fir:
- Ouverture vum Zentrum fir jonk benodeelegt Meedercher
- Eng Sensibiliséierungsaktioun fir d’Wichtegkeet vun der professioneller Formatioun a vun der Educatioun ze stäerken
- Alphabetiséierungscoursen a Sproochecoursen an Hindi an Englesch an och Rechnen
- Wöchentlech Ateliere fir perséinlech Entwécklung duerch Hobbyen an artistesch Aktivitéiten ze fuerderen
- Wöchentlech Ateliere fir iwwert Wichtegkeet vun Hygiène, Gesondheet, Familljeplanung an t’Rechter vu de Fraen ze informéieren
- Professionell Orientatioun an Aarbechtsplaze beim lokale Partenaire Sambhali Trust