Konstruktioun vun Zëtären an Toiletten an der Wüst Thar
Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : Méi wéi 2000 Kanner an méi wéi 500 Familien
Dauer vum Projet : 2017/2022, 6 Joer
Uert : Wüst Thar, Rajasthan, Indien
Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère
Lokale Partner
His Highness Maharaja Hanwant Singhji Charitable Trust (HHMHSCT) ass eng Fondatioun, déi 1971 gegrënnt gouf an déi an der Entwécklungsaarbecht am Bundesstaat Rajasthan aktiv ass. Hir Aktivitéiten konzentréiere sech haaptsächlech op den Zougang zum Drénkwaasser, de Kampf géint d’Dréchent, d’Stäerkung vun de Fähegkeete vun de Fraen an op eng besser Gesondheet an Hygiène vun de Populatiounen. PADEM an HHMHSCT hunn zënter 2005 an Zesummenaarbecht eng Rei Projete zesumme realiséiert, haaptsächlech wat den Zougang zum Waasser an d’Entsuergung vum Ofwaasser ugeet.
D’Problematik
Den Distrikt vu Jodhpur ass d’Entréesdier vun der Wüst Thar. D’Regioune vu Bap a Phalodi am Weste vum Distrikt leide staark ënnert dem Manktem un natierleche Ressourcen. Virun allem huet de Waassermangel schlëmm Konsequenze fir d’Awunner: Krankheeten, déi duerch d’Waasser iwwerdroe ginn, si staark verbreet an d’Ernärungssécherheet ass net garantéiert. Ausserdeem verbréngen d‘Fraen, déi traditionell fir d’Hausaarbecht zoustänneg sinn, all Dag vill Zäit domat, fir Waasser sichen ze goen.
Ziler/Aktivitéiten
D’Strategie vum Projet ass, den Zougang zum Waasser an d’Entsuergung vum Ofwaasser gläichzäiteg ze verbesseren an d’Kenntnesser iwwert eng gutt Hygiène ze verbreeden, fir eng nohalteg Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun den Awunner z‘erreechen.
Moossnamen, déi ëmgesat ginn :
- Konstruktioun vun Toiletten/Duschen
- Konstruktioun vu Waasserzëtären
- Formatioun vun de Beneficiairen : d’Beneficiaire si selwer um Projet bedeelegt, well si en Deel vun de Käschte fir d’Material iwwerhuelen an och selwer d‘Aarbechten duerchféieren. Wärend der ganzer Dauer vum Projet gi si vun engem Ingenieur a vu Coordinateure vun der Fondatioun ausgebilt an ënnerstëtzt. Dës participativ Method stellt sécher, datt de Projet engem reelle Besoin vun de Beneficiairen entsprécht an datt d’Infrastrukturen och dauerhaft amstand gehale ginn.
- Sensibiliséierung vun den Awunner fir eng besser Hygiène wärend der ganzer Dauer vum Projet
D‘Beneficiairen
Méi wéi 2000 Kanner an méi wéi 500 Familien
Faire un don pour les populations vulnérables du désert du Thar
BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200