Erzéiung vun de Kanner, Kampf géint d’gender-baséiert Gewalt an d’Zwangshochzäiten a Sécherheet vun den Awunner vu Mathare a Busia
Zuel vun de Beneficiairen : iwwer 2300 jonk Leit an aner Persounen
Dauer vum Projet : 2024-2026 / 3 Joer
Uert : Slums vu Mathare a Busia County, Kenia
Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère
Lokale Partner
De Legacy Education Center (LEC) ass eng Institutioun ouni But lucratif, déi am Joer 2010 gegrënnt gouf, mam Zil, Programmer unzebidde fir Plädoyeren, Gendergläichheet, Selbststännegkeet vu Fraen a jonke Leit a Bildungsméiglechkeete fir déi vulnerabelst Kanner an der Communautéit vum Mathare Slum. Et handelt sech em eng gemeinschaftsbaséiert Organisatioun, déi bei der kenianescher Regierung enregistréiert ass.
Den LEC huet scho verschidde Projeten zu Mathare ëmgesat, dorënner Parrainage Programmer fir Schoulkanner, de Programm “Haalt Äre Slum propper”, ee Projet, deen et alle Meedercher erlabe soll, nees zeréck an d’Schoul ze kommen, ee Projet fir d’Entwécklung vum Entrepreneursgeescht an de Communautéiten an ee Projet, fir d’Selbststännegkeet vun de Kanner duerch de Sport ze fërderen.
De Wunnengsprobleem ass och scho virdru vum LEC ugepaakt ginn. D’Associatioun huet notamment e Wunnengsrenovatiounsprojet fir déi vulnerabelst Wittfraen a Familljen am Busia County, am Oste vum Kenia, ëmgesat. Bei de schwéieren Iwwerschwemmungen an därselwechter Géigend goufen och temporär Opfangstrukture fir d’Katastrophenaffer installéiert.
Kontext
De Kenia erlieft zënter bal engem Joerzéngt e staarke wirtschaftlechen an demographesche Wuesstem, deen awer vu gréisseren Disparitéite begleet gëtt: bal d’Hallschent vun der Bevëlkerung lieft ënnert der Aarmutsgrenz, a ronn 2,5 Millioune Leit wunnen a Slums an extrem prekären an onséchere Konditiounen, wéi am Mathare Slum an am Busia County.
Dës zwou Regioune si gezeechent vun Zerfall, Pollutioun, illegalem Handel, Gewalt a sexueller Gewalt, an d’Autoritéite loossen dat alles gewäerden. Eng Situatioun, déi der nohalteger an harmonescher Entwécklung vun de Populatiounen nëmme schuede kann.
D’Missioun
De Projet besteet aus der Preventioun an der Reaktioun op d’genderbaséiert Gewalt (GBV) a suergt fir eng héichwäerteg Erzéiung a Liewenskompetenzen fir vulnerabel Kanner, jonk Leit a Familljen.
Aktivitéiten
-An de Quartieren d’Sécherheet vun de Familljen, déi Affer vu GBV sinn, verbesseren, zum Beispill duerch d’Installatioun vun enger ëffentlecher Solarbeliichtung.
-D’Schoulausbildung verbesseren: Ekipement fir Schüler a Schoulen, Rekrutéierung vu qualifizéierten Enseignanten, Suivi vun der Leeschtung an der Participatioun vun de Schüler, Grënnung vun enger Vereenegung fir Elteren a Léierpersonal.
-Ënnerstëtzung vum Liewensënnerhalt vun de Familljen, déi riskéiere vun GBV betraff ze ginn: Ausbildung, Entwécklung vun Aktivitéiten, déi en Akommes verschafen, Ënnerstëtzung fir Jugendgruppen.
-Ariichte vun engem communautaire Reseau, fir op GBV ze reagéieren : Ënnerstëtzung am Noutfall, psychosozial Ënnerstëtzung an Orientatioun vun den Affer, Visitten doheem.
Beneficiairen
300 Schoulkanner, 11 Enseignanten, 75 Familljen, 50 jonk Benevollen aus der Communautéit an 2.000 Gemeinschaftsmemberen