Zur Promotioun vun den erneierbaren Energie bäidroen, fir d’Erzéiungsbedéngunge vun de Kanner ze verbesseren
Zuel vun de Beneficiairen : 100 jonk Leit, 6.000 Studenten, 40 Schoulen, 5 Gesondheetsstatiounen
Dauer vum Projet : 2024/2027 – 4 Joer
Uert : Regioun vun den Niayes, Senegal
Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère
Lokale Partner
Jeunesse et Développement (JED) / Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) ass eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si inspiréiert sech un de Valeure vum Scoutismus a steet am Déngscht vun de jonke Leit a vun der Gemeinschaft. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Educatioun, der sozioekonomescher Integratioun an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal. Si ass a folgende Beräicher aktiv: Educatioun vu jonke Leit, Gesondheet, Biergerbedeelegung, Liewenskonditioune vu vulnerabele Gruppen, Ëmweltschutz, Hygiène, Waasser a Sanitär, Formatioun a Mikrokredit.
Kontext
De Senegal ass beméit, säi Solarpotenzial auszenotzen, fir un der Entwécklung vun den “erneierbaren Energien” deelzehuelen, wéi eng Direktiv vun der ECOWAS (Economic Community of West African States) et virgesäit. D’Energie ass e Motor fir d’Entwécklung a fir d’Reduktioun vun den Ongläichheeten, hiren Zougang ass dowéinst e wichtegt Theema. D’Regioun vun den Niayes bitt gutt klimatesch Konditiounen, déi en einfachen Zougang zur Solarenergie erlaben, fir d’Liewensconditioune vun de Populatiounen ze verbesseren. Well et sech ëm e wichtegt landwirtschaftlecht Gebitt handelt, besteet e grousse Besoin fir z’elektrifizéieren an (d’Waasser) ze pompelen.
D’Missioun
Dëse Projet soll d’Offer vun Aarbechtskräften am Beräich vun der Solartechnik erweideren, fir den Zougang zu dëser Energie an d’Liewenskonditioune vun de Populatiounen ze verbesseren an d’Bauere bei der ekologescher Transitioun z’ënnerstëtzen.
Aktivitéiten
-Jonk Leit am Beräich vun der Elektrizitéit an der Solarenergie ausbilden.
-E Pilotprojet als Beispill fir en ekologesche Bauerenhaff opstellen.
-E berufflechen Integratiounsprozess fir jonk Leit duerch d’Entwécklung vu Partnerschafte mat de Betriber opstellen.
-Solarsetten installéieren, fir d’Stroumausfäll an d’Ënnerbriechunge vun der ëffentlecher Beliichtung ze kompenséieren.
-D’Populatioun fir d’Erausfuerderunge vun den erneierbaren Energien sensibiliséieren.
Beneficiairen
100 jonk Leit, 6.000 Studenten, 250 Familljen, 10 Dierfer, 10.000 Persounen, 15 Familljebetriber, 40 Schoulen, déi mat Solarenergie ekipéiert sinn a 5 Gesondheetsstatiounen