Rehabilitatioun vu Schoulen an der Provënz Fatick am Senegal

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 2500 Schüler

Dauer vum Projet : 2022/2028

Uert : Duerf vu Sassar, Fatick Regioun, Senegal

Projet, deen duerch e Kadervertrag mam Lëtzebuerger Ausseministère an der Fondation Jean Kerber finanzéiert gëtt, ënner der Regie vun der Fondation du Luxembourg

Lokale Partner

Jeunesse et Développement (JED) / Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) ass eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf, an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si inspiréiert sech un de Valeure vum Scoutismus a steet am Déngscht vun de jonke Leit a vun der Gemeinschaft. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioekonomescher Aglidderung, dem Waasser an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal.

Kontext

Am Senegal ass de brutto Taux vun der Scolarisatioun an der Primärschoul relativ héich: am Joer 2019 louch e bei 84,9 %, wat awer e Réckgang ass am Verglach mat 2018, wou e bei 86,4 % war. Den Taux vum Ofschloss am Primaire huet sech an de leschte Jore verbessert a läit elo bei 62,3 %.

Allerdéngs féieren déi schlecht Léierbedéngungen déi jonk Leit dozou, d’Schoul ofzebriechen, an dat ass virun allem de Fall bei de Meedercher. Effektiv ass den Zougang zu Latrinë vu gudder Qualitéit net an alle Schoule méiglech. Sou kënnt et vir, datt Meedercher, well keng adequat Menstruatiounshygiène méiglech ass, aus de Course fortbleiwen. Dozou kënnt nach, datt den Undeel vun de Schoulen, déi Zougang zum Stroum hunn, 2016 bei nëmmen 23,7 % louch. Schlussendlech hu verschidde Schoule keng Clôture, fir hiren Terrain ofzegrenzen, an dat betrëfft bal 62,5% vun den Etablissementer.

Et kann een also feststellen, datt de Problem net méi beim Zougang vun de Kanner an d’Schoul läit, mä éischter bei der Qualitéit vun den Infrastrukturen an de Coursen, déi ugebuede ginn.

D’Missioun

Allgemengt Zil : D’Erzéiungsbedéngunge vun de vulnerabele Kanner an der Provënz Fatick verbesseren.

Spezifescht Zil : De Kanner en Zougang zu qualitativ héichwäertege Schoulservicer erméiglechen.

D‘Aktivitéiten

  • Verbesserung vun der Schoulinfrastruktur : Renovatioun vun de Klassesäll, Bau vun engem administrative Block a vu Sanitärbléck, Renovatioun vum der Clôture vun der Schoul, Ariichte vun enger Infirmerie fir d‘Schüler
  • Verbesserung vun der Qualitéit vun der Erzéiung: Entwécklung vun de pedagogesche Kompetenze vun den Enseignanten, Ariichte vun engem schouleschen Appui, Organisatioun vun ausserschouleschen Aktivitéiten, Aschreiwung vu vulnerabele Kanner aus den Dierfer ronderëm d‘Schoul, Opnam vun de Kanner an d‘CMU (couverture maladie universelle – Universal Krankeversécherung)
  • Entwécklung vun de Liewenskompetenze vun de Schüler : Sensibiliséierung vun de Kanner fir d’Ëmweltproblematik an de Leadership, deSchoulterrain mat Beem beplanzen.

D‘Beneficiairen

  • Direkt : 2500 Schüler an 60 Membere vum Léierpersonal
  • Indirekt : 450 Elteren