Keng Gewalt géint Kanner : mir setzen eis a géint d’Beschneidung vun de Meedercher

Stand vum Projet : am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 105 000 Meedercher

Dauer vum Projet : 2017/2027, 11 Joer

Uert : Departement vu Matam, Senegal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Projet Resumé

Lokale Partner :                               

Jeunesse et Développement (JED) des Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal (EEDS)

Bei der EEDS handelt et sech ëm eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si huet am Joer 1988 d’JED an d’Liewe geruff, déi sech genee wéi d‘EEDS un de Valeure vum Scoutismus inspiréiert an am Déngscht vun der Gemeinschaft steet, awer mam Fokus op déi Jonk. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioökonomescher Aglidderung an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal. Si ass a folgende Beräicher aktiv:

  • Erzéiung a Bildung vun der Jugend
  • Gesondheet
  • Biergerbedeelegung
  • Liewenskonditioune vu benodeelegte Gruppen
  • Schutz vun der Ëmwelt
  • Hygiène, Waasser a Sanitär
  • Berufflech Ausbildung a Mikrokredit

D’Problematik

De Matam ass bekannt als endeemescht Gebitt fir verschidden Zorte vu geschlechtsspezifescher Gewalt a Genitalverstümmelung bei de Fraen. Am heefegsten ass d’Beschneidung vun de Meedercher : 38% vun hinne sinn dovu betraff! D’Beschneidung ass am meeschten am Senegal verbreet, well si déif an der Gemeinschaft verankert ass an eng  grouss Roll an der  Kultur vun den Initiatiounsritualen spillt. D’Konsequenzen dovunner sinn dramatesch, souwuel aus psychologescher wéi och aus medezinescher Siicht. A ville Fäll kënnt et zu gesondheetleche Komplikatiounen, déi och déidlech kënnen ausgoen.

Ziler / Aktivitéiten

De Projet soll den Ustouss ginn, datt iwwer d’Beschneidung an der Gemeinschaft nët méi de Mond gehal gëtt.  Duerch d’Participatioun vun der Gemeinschaft soll erreecht ginn, datt d’Zuel vun de Beschneidunge staark zeréckgeet an d’Leed vun de betraffene Fraen ofhëlt. Ausserdeem sollen d‘Beschneiderinnen beim Ophale vun dëser Praktik ënnerstëtzt ginn. Folgend Moosname ginn dobäi ëmgesat:

  • Realisatioun vun enger Referenzetüd / Rezenséiere vun de Beschneidungsaffer a potentiellen Affer
  • Sensibilisatioun vun de Meedercher an hiren Eltere souwéi vun all de gemeinschaftlechen Acteuren
  • En oppent Ouer hu fir d‘Kanner, Begleedung, Iwwerwaachung a Schutz vun de Kanner
  • Erzéiung , Betreiung a berufflech Ausbildung vun de Meedercher
  • Identifikatioun a Suivi vun Beschneiderinnen, fir datt si mat deene Praktiken ophale sollen (Visitten doheem, Formatioune fir d’Grënnung vun Entreprisen, Ënnerstëtzung bei Aktivitéiten déi de Fraen en Akommes verschafen, …)
  • Medezinesch, psycho-sozial a juristesch Prise en Charge

D’Beneficiairen

  • Direkt Beneficiairen :
    • 105 000 Meedercher
    • 65 000 Kanner an hir Elteren
    • 80 Beschneiderinnen
    • 390 gemeinschaftlech Leaderen aus 10 Dierfer
    • 300 lokal Autoritéiten
  • Indirekt Beneficiairen: déi ganz Populatioun vun de betraffenen Zonen
De Projet am Detail

Faire un don pour lutter contre l’excision dans la région de Matam

 


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€