Géint d’Diskriminéierung vu Kanner mat Albinismus – Fir besser Liewensbedingunge vu Persounen mat Albinismus

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : méi wéi 200 Kanner

Uert : Thiès an Dakar

 

Lokal Partner

RADI (Réseau Africain pour le Développement Intégré) ass eng panafrikanesch ONG, déi 1985 vun engem Grupp vun afrikanesche Kadere gegrënnt gouf, déi hir Erfarungen an hiren Knowhow zesummendoe wollten. Dës ONG huet sech de Kampf géint d’Aarmut, d’Ongerechtegkeet an d’Ignoranz op de Fändel geschriwwen. Si huet sech als Zil gesat, d’Bildung an d’Organisatioun vun de Populatiounen z’ënnerstëtzen, andeems se  duerch eng participativ a populär Approche d’Initiativen an d’Autonomie vun de Leit stäerkt.

D’Problematik

Den Albinismus ass ganz wéineg bekannt am Senegal. Opgrond vun der Ignoranz a falschen Iwwerzeegunge sinn Albinoe staarken Diskriminéierungen ausgesat. Si si marginaliséiert an isoléiert a ginn oft Affer vun Abusen Den Albinismus bleift « tabu ». Déi betraffe Famillje verstoppen d’Albinoen doheem, dat heescht datt si sou gutt wéi keen Accès zur  Educatioun an zum Gesondheetssystem hunn.  Ausserdeem gëtt et am Senegal op deem Gebitt nëmme ganz wéineg Gesondheetsspezialisten. Bis haut sinn d’Albinoen am Senegal nach ni rezenséiert ginn an dëse Mangel un Informatioun mécht et schwéier fir Projeten opzestellen a verhënnert eng genee Erfaassung vum Phenomen.

Ziler/Aktivitéiten

Dat global Zil vum Projet ass dozou bäizedroen, datt d’Liewensbedingunge vun den Albinoen, speziell vun de Kanner sech verbesseren.

 Duerchgeféiert Moossnamen:

  • Organisatioun vu véier Consultatiounsdeeg fir Allgemeng Medezin, Ophtalmologie an Dermatologie
  • Kaf a Verdeelung vu Medikamenten
  • Kaf a Verdeelung vun einfachem Protektiounsmaterial (Brëllen a Kapen)
  • Medezinesch Prise en Charge fir verschidde chirurgesch Agrëffer
  • Prise en Charge vun de Käschte fir d’Aschreiwung an d’Schouleducatioun vun den Albino Kanner
  • Verdeelung vu Kitte mat Schoulmaterial un déi Kanner
  • Sensibiliséierung vun den Enseignanten iwwer den Albinismus
  • Organisatioun vu Senibilisatiounscaravanen iwwert d’Rechter vun den Albinoen zu Thiès an Dakar
  • Animatioun vu Radiosemissiounen iwwert de Schutz vun den Albinoen an hir Rechter
  • Organisatioun vu Sensibiliséierungstreffen mat den akademeschen Autoritéiten

D’Beneficiairen:

  • Direkt Beneficiairen: méi wéi 200 Kanner
  • Indirekt Beneficiairen : méi wéi 200 Familljen an de Rescht vun der Populatioun déi a Punkto Albinismus sensibiliséiert gouf