Fir e besseren Zougang zur Educatioun fir déi jéngst Kanner vu Mbour, Regioun vun Thiès, Senegal

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 655 Kanner an ihr Familljen

Dauer : 2016

Uert : Mbour, Regioun vun Thiès, Senegal    

Lokale Partner

D’ANEF, Association sénégalaise Natangué pour les Enfants et les Femmes, gouf 2012 gegrënnt, mam Zil fir déi arem Famillje wirtschaftlech a sozial ze ënnerstëtzen duerch e besseren Zougang zur Éducatioun an duerch d’Bildung an d’Emanzipatioun vun de Fraen  an de Persounen, déi a prekäre Situatioune liewen.

D’Problematik

D’Stad Mbour zielt méi wéi 400 000 Awunner. Säit méi wéi 15 Joer zéien vill Leit aus de ländleche Regiounen vun Thiès, Fatick a Kaolack an d’Stad. Déi zwee Haaptberäicher vun der lokaler Entwécklung, d’Fëscherei an den Tourismus, sinn a grousse Schwieregkeeten. Dee staarken Taux vum Chômage zu Mbour ass representativ fir dës Entwécklung. An deem Kontext ass d’Éducatioun vun de Jonken an den Erwuessenen dat Allerwichtegst. Vill Kanner, déi am Alter sinn, fir an d‘Primärschoul ze goen, sinn hannendran. Dobäi kënnt, datt den Taux vun de Kanner, déi de Primärzyklus ofgeschloss hunn, net zefriddestellend ass, och wann et an där Hisiicht eng Verbesserung vun 49,7 % am Joer 2006 op 65,9 % am Joer 2013 gouf: méi wéi 1/3 vun de Kanner am Schoulalter mécht keen Ofschloss vun der  Primärschoul. Op nationalem Niveau ass den Netto-Taux vun der Scolarisatioun am Primär vu 54,6% am Joer 2005 op 59,6% am Joer 2011 geklomm. Wat déi budgetär Verdeelung ugeet, sinn d’Depense fir de Primärzyklus méi niddreg wéi déi vum Secondärzyklus, mat enger Allocatioun vu 45,5%, wat 50% ënnert dem FTI-Referenzwäert (Fast-Track Initiative)  läit. De Primärzyklus gëtt also vill manner ënnerstëtzt wéi de Sekondärzyklus. Am Senegal gëtt et 6 Niveauen an der École Élémentaire : CI, CP, CE1, CE2, CM1 an CM2. Um Gebitt vun Mbour (mat de Gemenge Mbour, Saly, Ngaparou, Nguekokh, Popenguine, Malicounda an Diass) ginn et 39 Etablissementer fir den Enseignement Préscolaire, dovunner 10 ëffentlech Strukturen, an 59 Établissementer fir den Enseignement Élementaire, dovunner 48 ëffentlech Strukturen. Wéinst där grousser Zuel vun Awunner an deem staarken demographesche Wuesstem, gëtt et ganz wéineg ëffentlech Établissementer an der Gemeng Mbour. De Manktem u Schoulinfrastrukturen ass eng Ursaach fir déi ongenügend Scolarisatioun, de Bildungsréckstand an domat verbonn den Analphabetismus. De Mangel un didakteschem Material, déi net erfëllten Nofro no Scolarisatioun an déi vill Schoulofbréch limitéieren de Fortschrëtt an der Éducatioun. Dës Problemer stellen d’Zukunftsperspektive vun de jonke Leit a Fro a bremsen déi sozio-ekonomesch Entwécklung vum Land. An deene meeschte Schoule vum Enseignement Élementaire an an de Collèges kënnen d’Schüler nëmme 5 Hallefdeeg an der Woch ënnerriicht ginn, well net genuch Schoulsäll zur Verfügung stinn. Zu Mbour hunn d‘Schoulen och net genuch Gebaier.

Ziler/Aktivitéiten

D’Zil vum Projet war datt zwou Schoulen, d’École Maternelle Municipale « Coumba Dinding Sonko » an d’École Élémentaire « Mbour Sérère Kao », méi Schüler ophuele kënnen an datt d’Konditioune vum Enseignement sech verbesseren.

Duerchgeféiert Moossnamen :

  • Bau vun engem Schoulsall fir déi jéngst Spillschoulsklass (Petite Section)
  • Renovatioun vun engem Schoulsall fir déi jéngst Spillschoulsklass (Petite Section)
  • Bau vun engem Schoulsall fir eng Classe d’Initiation (CI)
  • Bau vu 5 Toilette mat Plättercher

D’Beneficiairen:

  • Direkt Beneficiairen : d’Schüler vun der École Maternelle « Coumba Dinding Sonko» an der École Élémentaire « Mbour Sérère Kao ». Am Ganze sinn et 655 scolariséiert Kanner, déi d’Toilette benotze kënnen. D’Enseignantë vun deenen 3 cibléierte Klassen (zwou Classes de Petite Section an eng Classe d’Initiation) profitéieren direkt vum Projet.
  • Indirekt Beneficiairen : d’Famillje vun den concernéierte Schüler an de Corps Enseignant vun der Spillschoul « Coumba Dinding Sonko »  a vun der Primärschoul   « Mbour Sérère Kao ». Fir d’Eltere bedeit dat, datt hir Kanner eng Scolarisatioun vu gudder Qualitéit quasi zum Nulltarif gebuede kréien. Déi ganz Gemeinschaft profitéiert vun deene positiven Effetë vun der Éducatioun am Préscolaire, déi de Kanner et erlaabt, sech besser un déi franséisch Sprooch ze gewinnen, déi an der Schoul an der Classe d’Initiation am Elementärzyklus als Unterrechtssprooch benotzt gëtt.