Duerch d’Educatioun an de Schutz vu Meedercher an der Regioun vu Mbour sollen hir Entwécklungschancë verbessert ginn.

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 120 Meedercher

Dauer vum Projet : 2020/2022, 3 Joer

Uert : Mbour, Regioun vun Thiès, Senegal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère


Lokale PartnerJeunesse et Développement (JED) / Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) ass eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si inspiréiert sech un de Valeure vum Scoutismus a steet am Déngscht vun de jonke Leit a vun der Gemeinschaft. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioekonomescher Aglidderung an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal.Kontext

D’Populatioun vum Senegal ass ganz jonk. Déi 15-24-Järeg representéieren 20 % vun der Populatioun, a 49 % vun de Mannerjäregen (< 18 Joer) kommen aus Familljen, déi an der Aarmut liewen. Dës jonk Leit a virun allem d’Meedercher si mat villen Erausfuerderunge konfrontéiert.

Vill Elteren huelen hir Meedercher fréizäiteg aus der Schoul, fir datt se mat engem klenge Verdéngscht als Botzfra oder Vendeuse zum Ënnerhalt vun der Famill bäidroen. Déi sexuell Exploitatioun bréngt och e Verdéngscht, awer domat ass de Risiko vu fréizäitege Schwangerschaften a forcéierte Mariage verbonnen. D’Rechter vun de Kanner a speziell de Meedercher ginn also net ëmmer respektéiert.

D’Missioun

De Projet besteet dran, d’Vulnerabilitéit vun de Meedercher, déi an enger ganz prekärer Situatioun sinn, duerch d’Educatioun, d’Formatioun an eng Rei vun adaptéierte Servicen ze reduzéieren.

D’Aktivitéiten

  • Opstelle vun engem Programm, fir d’Autonomie vun de Meedercher an hiren Elteren ze stäerken: fir all Meedche gëtt e personaliséierte Programm opgestallt an eng schoulesch, sozial, juristesch a sanitär Betreiung organiséiert; d’Eltere gi berufflech ënnerstëtzt bei der Sich no Aktivitéiten, déi hinnen en Akommes garantéieren
  • Organisatioun vun ausserschouleschen Aktivitéiten an, eemol am Joer, fir d’Meedercher, vun engem Camp mam Thema „Schutz a Féierungsqualitéit“
  • Grënnung vun Iwwerwaachungs-Comitéen a Formatioun vun den Educateuren, fir d’Fäll vun Abuse vun de Meedercher z’iwwerwaachen an ze signaléieren
  • Sensibiliséierung fir de Schutz vun de Meedercher: Organisatioun vu Gespréichsronnen, Ariichte vun enger communautairer Vermëttlung an Duerchféierung vu Visitten doheem, fir déi familiär Relatiounen ze verbesseren, Organisatioun vun enger Campagne iwwert de Radio, d’Praxis vu Plädoyeren

D’Beneficiairen

120 Meedercher, déi Gefor lafen, fir sexuell exploitéiert ze ginn oder fréizäiteg musse schaffen ze goen an hir Familljen, d’Institutioune fir de Schutz vun de Kanner, 10 Iwwerwaachungscomitéen, 30 Educateuren, déi ganz Communautéit

 

Faire un don pour l’éducation et la protection des filles dans la zone de Mbour


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


Personal Info

Donation Total: 10,00€

[:en]