Scolarisatioun vun den aarme Kanner an Ënnerstëtzung fir hir Elteren
Zuel vun de Beneficiairen : 120 Kanner an 105 Familljen
Dauer vum Projet : 2024/2027 – 4 Joer
Uert : Quartier Ambohimena, Stad Antsirabe, Vakinankaratra Regioun
Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère
Lokale Partner
D’Associatioun Ikoriantsoa gouf 2016 gegrënnt duerch d’Zesummenaarbecht vun Ikoriantsoa Frankräich an Ikoriantsoa Antsirabe. Si ass an der Regioun Vakinankaratra am Beräich vum Kannerschutz aktiv. Si soll dofir suergen, datt d’Grondbedierfnesser vun de benodeelegte Kanner an der Gemeng Antsirabe berücksichtegt ginn, fir hir kierperlech, psychologesch, emotional, intellektuell a sozial Entwécklung z’ënnerstëtzen a fir hir Gesondheet, hir Sécherheet, hir Moral a virun allem hir Educatioun z’erhalen.
D’Aktivitéite vun Ikoriantsoa bestinn haaptsächlech an der Betreiung vun de benodeelegte Kanner a jonke Leit am Kader vun hirer Scolarisatioun, fir hinnen eng Schoulkantin ze stëften an hiren Elteren dobäi ze hëllefen, Aktivitéiten ze developpéieren, déi hinnen en Akommes verschafen.
Kontext
Zu Madagaskar liewen 80% vun der Bevëlkerung an Aarmut. Dës wirtschaftlech Schwächt féiert zur Vulnerabilitéit an zu enger héijer Ernärungsonsécherheet. Wéinst der Ënnerernärung weise 47% vun de Kanner ënner 5 Joer e Réckstand beim Wuessen op. Zousätzlech ass d’Stad Antsirabe mam Problem vum vernoléissegte Kannerschutz konfrontéiert, dräi vu véier Kanner sinn op sech selwer gestallt fir z’iwwerliewen. Et ass liewesnoutwenneg fir d’Grondrechter vun dëse Familljen ze garantéieren, andeems d’Educatioun an de Schutz vun de Kanner geséchert ginn, awer och doduerch, datt d’Elteren d’Geleeënheet kréien, fir en Zougang zu rentabelen ekonomeschen Aktivitéiten ze fannen.
D’Missioun
Dëse Projet soll d’Liewenskonditioune vun de Schoulkanner aus der Ikoriantsoa Schoul an hiren Elteren duerch den Zougang zur Educatioun an zur berufflecher Integratioun verbesseren.
Aktivitéiten
-Déi pedagogesch Offer vun der Schoul duerch d’Formatioun vum Erzéiungspersonal verbesseren.
-Narhaft Iessen an der Kantin ubidden, fir d’Ënnerernärung vun de Kanner ze bekämpfen.
-D’Elteren a besonnesch d’Mamme forméieren an ënnerstëtzen, fir Aktivitéiten z’entwéckelen, déi en Akommes garantéieren.
-E sozialt Sécherheetsnetz ariichten, fir Familljen z’ënnerstëtzen.
-Eng Produktiounsunitéit fir Déierefudder an e Kiosk fir de Verkaf vu Pouleten ariichten.
Beneficiairen
120 Kanner (tëscht 4 an 12 Joer) an 105 Familljen