Verdeele vu Chrëschtdagskaddoe fir d’Kanner aus de Lageren
Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiaire : 200 pro Joer
Lafzäit vum Projet : 2002 – 2010
Lokal Partenairen
D.E.A Mitrovica, Democratization, Education, Advocacy, lokal ONG, gegrënnt vu fréiere Salariéë vu PADEM am Kosovo.
Problematik
Éischte Projet am Kosovo. Erméiglecht duerch di finanziell Ënnerstëtzung vun enger Privatpersoun déi de benodeelegte Kanner aus dem Kosovo Kaddoe fir Chrëschtdag wollt schenken.
Doropshi krute Roma-Kanner mee och serbesch Kanner aus mi aarme Verhältnisser all Joer Chrëschtdagskaddoen, dat fir op Mannst 7 Joer.
Ziler/ Aktivitéiten
D’Zil war deene benodeelegte Kanner aus dem Kosovo e Kaddo fir Chrëschtdag ze erméiglechen.
Aktivitéiten:
- Ausdeele vu Séissegkeeten a Spillsaachen
Beneficiairen
200 Kanner pro Joer