Nohaltege Schutz géint Diskriminatioune fir Kanner a jonk Leit mat Handicap zu Mitroviça

Zuel vun de Beneficiairen : 1350 Persounen

Dauer vum Projet : 2020/2023, 4 Joer

Uert : Gemengen am Norde vum Kosovo (Nord Mitroviça, Leposavic, Zubin Potok, Zvecan)

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Projet Resumé

 

Lokale Partner
D’Associatioun DEA Kosovo (Democratization – Education – Advocacy) ass am Januar 2007 am Kosovo vu fréiere Salariéë vu PADEM gegrënnt ginn. Säit méi wéi 10 Joer ass d’DEA e privilegiéierte Partner vu PADEM am Kosovo. D’DEA Kosovo huet d’Zil, den Alldag vun den ufällegste Populatiounen am Land nohalteg ze verbesseren, d’Gläichheet vun de Rechter vu Männer a Fraen onofhängeg vun hirer Nationalitéit ze stäerken, speziell op d’Proprietéits-Rechter vun de Leit, déi am eegene Land verdriwwe goufen hinzeweisen, souwéi de Kanner vun de Roma an de Kanner mat Handicap den Zougang zur Educatioun z’erméiglechen.

Kontext
Virun 20 Joer ass de Kosovo-Krich tëscht Albaner a Serben op en Enn gaang. Zanterhier huet d’Situatioun sech stabiliséiert, mee se bleift nach ëmmer prekär. D’Kanner am Norde vum Kosovo leiden ënnert de Konflikter, déi sech an hire Gemengen zougedroen hunn an duerch déi d’Gewalt an de Familljen, d’Gewalt tëschent Gläichaltrëgen an d’Gewalt vis-a-vis vun de Kanner verstäerkt gouf. Ouni entspriechend Formatioun hunn d’Sozialaarbechter an d’Enseignantë keng Moyene fir dës Forme vu Gewalt ze verhënneren, am mannsten an deene Fäll, wou d’Kannerrechter violéiert ginn. Et feelt hinnen nämlech un deene néidege Kompetenzen, fir déi Fäll z’erkennen an ze traitéieren.
D’Missioun
De Projet besteet dran, fir de Schutz vun de Mënscherechter vun de Kanner an de jonke Leit an de Gemengen am Norde vum Kosovo ze verbesseren. Duerch e Preventiouns- Mechanismus soll verhënnert ginn, datt d’Rechter vun de Kanner an de jonke Leit mat Handicap violéiert ginn.
D’Akivitéiten

  • D’Employéë vun de soziale Servicer sollen eng Approche entwéckelen, déi op de Mënscherechter baséiert, fir an hiren Interventiounsberäicher d’Besoine vun den ufällegste Gruppen z’erkennen an z’identifizéieren
  • Sensibiliséierung vun de Kanner an den Enseignanten (duerch eng zertifiéiert Formatioun) fir d’Mënscherechter an d’Recht op Educatioun ( 12 Ateliere pro Joer a 4 Schoule vun deene 4 Gemengen)
  • Wëchentlech Organisatioun vun inklusiven Aktivitéiten (Sport, Gesang, Danz …) fir handicapéiert Kanner a jonk Leit am Zentrum vu Mitroviça an Organisatioun vu 4 Evenementer am Joer, wou d‘Elteren an all déi Leit, déi um Projet bedeelegt sinn, sech treffen an hir Erfarunge mam Handicap austausche kënnen

D’Beneficiairen
1350 Persounen, dorënner Kanner a Student(inn)en, déi zum Deel en Handicap hunn, Enseignanten a Sozialaarbechter


Faire un don pour les jeunes en situation de handicap à Mitrovica


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€