Eng héichwäerteg Educatioun a Liewenskompetenze fir d’Kanner vu Mathare, Kenia

Stand vum Projet : De Projet ass am Gaang, finanzéiert ze ginn | Zuel vun de Beneficiairen : 1000 Kanner, déi scolariséiert sinn oder och net, an hir Familljen

Dauer vum Projet : 2 Joer

Uert : Kenia, Nairobi County, Kasarani Sub County, Mathare

Lokale Partner

De Legacy Education Center (LEC) ass eng Institutioun ouni Gewënnzweck, déi 2010 gegrënnt gouf, fir Aktiounsprogrammer opzestellen, déi d’Fraen an déi jonk Leit stäerken an autonom maachen a Bildungschancë schafe fir déi am meeschte benodeelegt Kanner aus der Communautéit vum Bidonville Mathare. Et handelt sech em eng gemeinschaftlech Organisatioun, déi bei der kenianescher Regierung ënnert der Nummer KAS / CBO /5/4/2012/495 enregistréiert ass.

Den LEC huet an der Vergaangenheet verschidde Projete mat Erfolleg duerchgeféiert, dorënner zum Beispill de Sponsoring-Programm Safisha Kijiji (Haalt Äre Bidonville propper!). En anere Projet hat d’Zil, datt all d’Meedercher nees zréck an d’Schoul ginn. Bei weidere Projete goung et em d’Entwécklung vu Kompetenzen am Entreprenariat a vu méi Autonomie fir d’Kanner duerch de Sport.

Kontext

Dee groussen Undrang am Bidonville vu Mathare verhënnert, datt déijéineg, déi léiere wëllen, en Zougang zu enger gudder Educatioun kréien. Am Ablack gëtt et nëmmen eng eenzeg ëffentlech Primärschoul am Norde vu Mathare, an déi huet net déi néideg Kapazitéiten, fir déi vill Kanner opzehuelen. Déi meeschten Elteren aus der Regioun verdénge sou wéineg, datt si net fir d’Käschten opkomme kënnen, déi mat der Scolaritéit verbonne sinn, sief et fir d’Aschreiwung oder d’Schoulmaterial. Als Konsequenz doraus halen d’Kanner dann op, an d’Schoul ze goen a sinn doduerch ville Geforen ausgesat wéi entféiert ze ginn, fréizäiteg musse schaffen ze goen (Meedercher, déi den Haushalt maachen) an duerch Erwuessener als Drogekuréier, fir ze stielen oder zu anere kriminellen Zwecker, exploitéiert ze ginn.

Déi ëffentlech Schoul muss sech mat villen Erausfuerderungen ausenanersetzen, wat et onméiglech mécht, déi grouss Zuel vu Kanner aus dem Bidonville ze betreien: schlecht sanitär Installatiounen, iwwerfëllte Klassesäll …

Déi gemeinschaftlech Schoul vu Mathare probéiert, en Iwwergang ze schafen, andeems se sou ville Kanner wéi méiglech erlaabt, sech anzeschreiwen an eng Bildung ze kréien.

D’Missioun D’Akivitéiten

Haaptzil : Deene benodeelegte Kanner a jonke Leit aus dem Bidonville vu Mathare an engem sécheren Ëmfeld eng gutt Educatioun bidden, fir datt si déi néideg Kompetenze fir d’Liewen entwéckelen

Spezifescht Zil: Eng nohalteg Verbesserung vun de pedagogeschen Aktivitéiten duerch Schoul a Sport

  • Méi grouss a méi sécher didaktesch Ariichtunge schafen, déi sech gënschteg op d’Educatioun auswierken, Schoul-Uniformen, Schong a Schoulsäck bereetstellen, eng Vereenegung fir d‘Elteren an d‘Léierpersonal grënnen
  • D’Unterrechtsmethode verbesseren: qualifizéiert Léierpersonal rekrutéieren an ausbilden, d‘Schüler/innen wärend hirer Schoulzäit betreien
  • Duerch de Sport soll erreecht ginn, datt och déi net scolariséiert jonk Leit Kompetenze fir d’Liewen entwéckelen: e Comité vu jonke Leit, dee sech ëm d‘Organisatioun vu sportlechen Aktivitéite këmmert, gëtt gegrënnt, Sportmaterial gëtt bereetgestallt, déi sportlech Equippe ginn ënnerstëtzt

D’Beneficiairen

D’Haaptbeneficiairë vun dësem Projet sinn d’Kanner (ongeféier 1000), d’Fraen, déi jonk Leit an d’Léierpersonal vum Bidonville vu Mathare.

Donieft profitéiert och déi ganz Gemeinschaft vu Mathare vum Projet.