D’Liewensqualitéit vun de vulnerabele Kanner an den entleeëne Gebidder vun Ulan Bator duerch mobil Gesondheets- a Rehabilitatiounsservicer verbesseren

Zuel vun de Beneficiairen: 2.102 vulnerabel an/oder behënnert Kanner, 370 Familljememberen an 48 Membere vum Schoulpersonal

Dauer vum Projet: 2026/2027 – 2 Joer

Uert: 6 entleeën Distrikter vun Ulaanbaatar (Nalaikh, Bagakhanga, Baganuur, Songinokhairkhan, Bayanzurkh a Khan-Uul)

 

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

D’HLO (Healthy Life Organisation) ass eng mongolesch Associatioun, där hiert Zil dora besteet, d’Liewesqualitéit vu Leit mat enger Behënnerung ze verbesseren, andeems si se dobäi ënnerstëtzt, fir méi widderstandsfäeg ze ginn.

Zënter 2016 setzt d’ONG sech fir verschidde Beneficiairen, wéi blann Kanner oder Leit mat enger Behënnerung an, an dat an de Beräicher vun der Gesondheet, der Educatioun an dem Logement.

Kontext

An der Mongolei sinn d’Gesondheetsservicer net genügend disponibel (besonnesch an den entleeëne Regiounen) an hir Qualitéit ass limitéiert, trotz enger Gesondheetspolitik, déi op eng gratis an universell Versuergung ausgeriicht ass. D’Kanner si besonnesch vun dësem Problem betraff, a méi speziell d’Kanner mat enger Behënnerung. Effektiv ass den Zougang zu de Rehabilitatiounsservicer ganz limitéiert, Kenntnisser am Beräich vun der Gesondheet gëtt et keng an d’Ëmfeld vun de Kanner ass net un hir Besoinen adaptéiert. Dës Situatioun verstäerkt d’Marginaliséierung an d’Stigmatiséierung vun de Kanner mat Handicap.

D’Missioun

Dëse Projet soll d’Liewesqualitéit vun de vulnerabele Kanner duerch e Modell vu mobile Servicer verbesseren, déi den Zougang zur Gesondheet, zur Educatioun an zur Therapie erlaben.

Aktivitéiten

-Ariichte vun engem mobile Gesondheetsservice fir all benodeelegt Kanner, deen och den Transport an d’Spideeler mat abegräift.

-Grënnung vun engem “mobillen Zenter fir gesondheetlech Erzéiung”, fir datt d’Kanner u Coursen iwwer d’Hygiène deelhuele kënnen.

-Formatiounen iwwer d’Hygiène fir d’Gesondheets- a Schoulpersonal ubidden.

-Duerch mobil Konscht an artistesch Formatiounen eng Therapie fir Kanner mat enger Behënnerung entwéckelen.

-D’Wunnenge vun de Kanner mat enger Behënnerung un hir Besoinen adaptéieren.

Beneficiairen

2.102 vulnerabel an/oder behënnert Kanner, 370 Familljememberen an 48 Membere vum Schoulpersonal