Nohaltegen Zougang zu propperem Drénkwaasser fir ländlech Communautéite vu Machacamarca State
Status : Ofgeschloss | Beneficiaren : 40 Famillen, 280 Persounnen
Lafzäit vum Projet : 2019/2020, 12 Méint
Wou? : Toraca Baja, Tres Pozos and Alantanita Caravi , Machacamarca Municipality, Pantaleon Dalence Province, Bolivia
Lokale Partner
SERVITIHUM (Servicio Tecnico Integral Humanitario) ass eng ONG déi 2001 gegrënnt ginn ass a Leit aus ofgeschnidde Regiounen a Saache Gesondheet, Educatioun, Ëmwelt, Ernierung a Wunnen ënnerstëtzt.
De Problem
De sougenannten “El Nino Godzilla” huet 2016 eng Dréchent mat sech bruecht, déi de Séi vu Poopo komplett ausgedréchent huet. D’Liewenskonditioune vun de Leit aus Machacamarca sinn doduerch massiv erofgaangen, virun allem well se keen Zougang zu propperem Drénkwaasser hunn. Des mussen oft 2 bis 5 Kilometer lafe fir iwwerhaapt u Waasser ze kommen. D’Folge sinn: Manktem un Hygiène a Gesondheet, Manner Zäit fir an d’Schoul fir d’Kanner.
Donieft hunn d’Famille keng Sanitäranlagen, wat heescht dass wann et drëms geet op d’Toilette ze goen d’Natur muss hierhalen: Dëst kontaminéiert dann natierlech d’Grondwaasser a bréngt Krankheete mat sech.
Drénkwaasser disponibel ze maachen, dat duerch d’Konstruktioun vun engem Pëtzen-System an d’Bevëlkerung iwwert Gesondheetlech an Ernierungssécherheet opzeklären ass dowéinst eng Prioritéit.
Zil/Aktivitéiten
Dat globaalt Zil ass d’Verbesserung vun de Liewenskonditioune vu ronn 280 Beneficiairen an de ländleche Communautéite vun Toraca Baja, Tres Pozos an Alantañita Caravi.
Méi konkret geet et dorëms en Service op d’Been ze stellen dee proppert Drénkwaasser disponibel mécht, dozou gehéiert och e System fir d’Waasser sécher a propper ze maachen. Donieft geet et drëms de Leit di richteg Methode punkto Hygiène an Ëmweltschutz nozebréngen.
- Bau vun 30 Pëtzer déi jeeweils mat Manuelle Pompelen equipéiert sinn, dat an der Communautéite vun Tres Pozos, Toraca Baja an Alantañita Caravi.
- Bau vun 10 ökologesche Latrinen an der Communautéit vun Toraca Baja.
- Ausbildung vun de Beneficiairë fir d’Handhabung vun de Pompelen, de Pëtzer an d’Latrinen. Zesummestelle vun engem Verwaltungscomité deen sech aus Memberen aus all Communautéit zesummesetzt – dëse soll eng uerdentlech Verwaltung vun den Infrastrukture sécherstellen a fir kleng Reperaturen opkomme falls néideg.
- Ausbildung vun de Beneficiaire: Gesond Ernierung an Handhabung vu Liewensmëttel, Hygiène an Ëmwelt
Beneficiaire
Zuel vun de Beneficiaire setzt sech aus 2 Gruppen zesummen:
1) Duerch de Bau vun de Pëtzer :
– 30 Aymara Famillen aus de verschidde Communautéiten , ca. 210 Persounen (Männer, Fraen a Kanner)
2) Bau vu Latrinen:
– 10 Famillen, d.h. 70 Persounen aus der Communautéit vu Toraca Baja.