Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung vu Yampara, vulnerabel duerch di negativ Impakter vum Klimawandel

Status : Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiaire : 16 944 Persounen

Lafzäit vum Projet : 2018/2023, 5 Joer

Wou? : Municipale vu Tarabuco, Departement Chuquisaca, Bolivie

Lokale Partner

D’ONG Sumaj Punchay gouf 2001 an huet doduerch méi wéi 10 Erfarung Projeten an d’Weeër ze leede fir Mënsch a Natur ze hëllefen sech un de Klimawandel unzepassen, dat duerch de Management vun de Waasserressourcen, Landwirtschaft an der Famill an d’Ausbaue vun de Kapassitéite vu Fraen a Männer déi an de ländleche Géigende liewen.

De Problem

De Klimawandel an al seng Konsequenzen (Dréchent, Stierm, Knëppelsteng, Frost, Staark Reefäll an Iwwerschwemmungen…) féiert dozou dass de Produktiounsniveau vun der Landwirtschaft staark erofgeet. Dëst féiert dozou dass och d’Liewensmettelsécherheet net méi ginn ass, d’Fraen (virun allem des aus Tarabuco) sinn dobäi nach méi benodeelegt wéi Männer.
Zu Tarabuco ass dowéinst och den Aarmut relativ héich a féiert dozou dass vill Awunner wou anescht hinzéie fir besser Chancen ze hunn. Dat betrefft virun allem jonk Leit. Dobäi ginn allerdéngs déi vulnerabelst Leit zeréckgelooss: Kanner Fraen an Eeler Leit. D’Frae mussen dowéinst oft vill Responsabilitéiten an hire Communautéiten iwwerhuelen, eng Roll der se oft net gewuess sinn.
Mam Klimawandel geet d’Frequenz vun de sougenannte Krisen-Phase ëmmer méi an d’Luucht. D’Bevëlkerung huet mëttlerweil keng Zäit méi sech vun dëse Krisenzäiten ze erkréien. Des Krisen-Phasen z’evitéieren ass zwar onméiglech, allerdéngs kannt d’Resistenz vun de Leit erhéicht ginn, an de Leit kenne Moyenen zur Verfügung gestallt gi fir besser duerch des Krisen ze kommen.

Ziler/Aktivitéiten

Global : Bevëlkerung vu Yampara manner vulnerabel fir d’Konsequente vum Klimawandel maachen
Konkret : Résilienz un der Bevëlkerung stäerken an d’Kapassitéite vun de Famille vu Yampara verbesseren an Ënnerstëtzung fir de Management vu Krisen-Phasë bidden

  • Bau vun Irrigatiounssystemer, Entwécklung vun Ubau an Erntemethoden, Aufforstung an deenen Zonë wou en héicht Grondwaasser virkommen ass
  • Ubau vu Gäert fir d’Famille fir Bio Geméis unzebauen
  • Sensibiliséierunsgatelieren an der Schoul fir iwwert d’Konsequenze vum Klimawandel opzeklären a wéi en sech upasse kann
  • Verstäerkung vun de Produktiounskapassitéiten, Virbereedung op den Handel, Ausbildung iwwert Handel a Marketing, Zertfizéierung vun Bioproduiten, Participatioun u Foirë fir Bio-Produiten un d’Leit ze bréngen
  • Entwéckung vun enger Strategie fir sech un de Klimawandel unzepassen an de Risk fir Katastrophen erofzesetzen

Beneficiaire

D’Bewunner vun Tarabuco:
8 653 Fraen
8 291 Männer
16 944 Leit a Ganzen
200 Famille mat Zougang zu Waasser
2600 ausgebilt Studenten