Akany Avoko Projet fir verloossen an/oder placéiert Kanner op Madagaskar

210 Kanner, 49 Membere vum Zentrepersonal a 70 Elteren

2024/2027 – 4 Joer

Provënz Antananarivo, Madagaskar

 

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Ministère des Affaires Étrangères du Grand Duché de Luxembourg

Lokale Partner

D’AAA (Akany Avoko Ambohidratrimo) ass eng Associatioun, déi hiren Zenter 1964 opgemaach huet. Den Zenter hëlt Kanner vun 0 bis 18 Joer op, déi Affer vu verschiddene soziale Problemer sinn (verloosse Kanner, mësshandelt Kanner, Affer vu sexuellen Ugrëffer, etc.).

D’Ziler vum Zentrum bestinn dran, déi jonk Leit opzehuelen, z’erzéien an z’ënnerstëtze fir selbststänneg a verantwortlech Erwuessener ze ginn. E séchert och déi berufflech Ausbildung, den Ënnerdaach, d’Iessen, d’Fräizäitaktivitéiten, d’Gesondheetsversuergung an d’Hygiène vun de Kanner.

Fir Problemer tëscht Meedercher a Jongen ze vermeiden, ginn all d’Jonge vu 7 Joer un an engem Annexzenter ënnerbruecht : AAA-B (Akany Avoko Ambohidratrimo Bevalala).

Kontext

Op Madagaskar gëtt d’Gewalt fir pedagogesch Zwecker agesat, 9 vun 10 Kanner soen, si wieren an hirer Famill dovunner betraff. D’Zentren huelen dës Kanner op, andeems se hinnen den Zougang zum Iessen, zur Gesondheetsversuergung, Hygiène, Erzéiung a Beruffsausbildung méiglech maachen, fir hinnen eng besser Zukunft ze garantéieren.

Dës Zentren huelen och verloosse Kanner, mëssbrauchte Kanner, Affer vu sexueller Gewalt asw. op.

D’Missioun

Dëse Projet huet als Zil, d’Opnam an d’Erzéiungsstrukture vum AAA-B Zenter z’entwéckelen, fir eng gutt Betreiung an Ënnerstëtzung vun de Kanner am Zenter ze fërderen.

Aktivitéiten

– D’Opnamkapazitéiten, d’Infrastrukturen an d’Versuergung vum Zenter verbesseren.

– E sozio-edukativen a psychosoziale Kader fir d’Kanner ariichten: Scolarisatioun, Beruffsausbildung, verschidden Aktivitéiten a psychologesch Ënnerstëtzung.

– D’Gesondheet an d’Liewensmëttelsécherheet vun de Kanner garantéieren (och fir déi mat enger Behënnerung).

– D’Elteren ënnerstëtze mat enger “Schoul fir Elteren” an Aktivitéiten, déi en Akommes erlaben

– D’Eegefinanzéierung vum Zenter duerch d’Eegeproduktioun stäerken (Véizuucht, Landwirtschaft an ekologesch Fabrikatioun).

 

Beeficiairen

210 Kanner, 49 Membere vum Zentrepersonal a 70 Elteren