Fir d’Entwécklung vun de Meedercher duerch d’Educatioun an d’Protektioun

Zuel vun de Beneficiairen : 200 jonk Meedercher

Dauer vum Projet : 2024/2026

Uert : Mbour, Regioun Thies, Senegal

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Ministère des Affaires Étrangères du Grand Duché de Luxembourg

Lokale Partner

Jeunesse et Développement (JED) / Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) ass eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si inspiréiert sech un de Valeure vum Scoutismus a steet am Déngscht vun de jonke Leit a vun der Gemeinschaft. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Educatioun, der sozioekonomescher Integratioun an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal. Si ass a folgende Beräicher aktiv: Educatioun vu jonke Leit, Gesondheet, Biergerbedeelegung, Liewenskonditioune vu vulnerabele Gruppen, Ëmweltschutz, Hygiène, Waasser a Sanitär, Formatioun a Mikrokredit.

Kontext

Am Senegal ass den Taux vum Schoulofschloss niddereg wéinst fréizäitegen oder gezwongene Schwangerschaften/Bestietnesser a wéinst der Kanneraarbecht, fir d’Aarmut vun den Elteren ze behiewen. Effektiv stamen 49 % vun de jonke Leit ënner 18 Joer aus Familljen, déi ënnert der Aarmutsgrenz liewen.

Zu Mbour zielt ee 6 alphabetiséiert Fraen op 10 Männer. D’Elteren huelen hir Meedercher oft aus der Schoul, fir e klengt Akommes ze kréien. D’Meedercher ginn zur Prostitutioun gezwongen, oder si mussen op de Mäert oder als Botzfra schaffen. Doduerch entstinn déif Traumae bei de betraffene Meedercher.

D’Missioun

Dëse Projet soll d’Prekaritéit vun de jonke Meedercher reduzéieren, andeems se sech sozial a berufflech integréieren an hir Autonomie entwéckele kënnen.

Aktivitéiten

-Ariichte vu Klasse fir d’Beruffsausbildung

-Ariichte vun engem Inkubatiounszenter, fir datt d’Meedercher en Handwierk léiere kënnen.

-Jonk Meedercher identifizéieren, betreien a suivéieren.

-Déi psychologesch, berufflech a finanziell Autonomie erreechen.

-Peer-Educateuren ausbilden, Gemeinschaftsrelaisen a Kannerschutzstrukture grënnen.

-Sensibiliséierungscampagnen duerchféieren an Diskussiounsronnen iwwer de Kannerschutz organiséieren.

-Familljemediatioune a Visitten doheem duerchféieren.

Beneficiairen

200 jonk Meedercher, 100 Elteren, 12.000 Persounen aus de Nopeschcommunautéiten, 20 Gemeinschaftsrelaisen, 10 Iwwerwaachungs- a Warnkommiteeën an 20 Peer-Educateuren