D’Kannerrechter schützen a verbesseren duerch den Zougang zu propperem Waasser a Sanitärsariichtungen am Kisumu County

Stand vum Projet : Am Gaang, finanzéiert ze ginn | Zuel vun de Beneficiairen : 1.232 Kanner, 45 Enseignanten a Schoulpersonal, 5.000 Elteren a Membere vun de Nopeschgemenge profitéiere vum Projet

Dauer vum Projet  : 12 Méint

Uert : Gemëschte Primär- a Secondairesschoule vu Kuoyo am Bezierk Kisumu West, Kisumu County, Kenia

 

Lokale Partner

Afrikanescht Netzwierk fir Preventioun a Schutz géint Kannermëssbrauch a Vernoléissegung (ANPPCAN)

Dat afrikanescht Netzwierk fir Preventioun a Schutz géint Kannermëssbrauch a Vernoléissegung (ANPPCAN) ass eng panafrikanesch Kannerrechtsorganisatioun. Si huet de Statut vum Beobachter bei der afrikanescher Unioun an en änleche Statut bei der afrikanescher Kommissioun fir Mënschen- a Vëlkerrechter.

Mat iwwer 30 Joer Erfarung am Beräich vun de  Kannerrechter leet si de Schwéierpunkt op d‘Preventioun vun de schlëmmste Forme vu Kanneraarbecht an op d’Rehabilitatioun vun de Kanner, déi dovunner betraff sinn. A ville Primärschoule si méi wéi 40 % vun de Kanner Weesekanner an domat am meeschten der Ausbeutung an dem Mëssbrauch ausgesat. D‘ANPPCAN huet erfollegräich Entwécklungsprojete fir vulnerabel Kanner am Kenia duerchgefouert, dorënner e Projet am Beräich Waasser, Hygiène a Sanitär an Zesummenaarbecht mat PADEM am Homa Bay County. Dëse Projet hat als Zil, d’Rechter vun de Kanner ze schützen an ze stäerken duerch den Zougang zu Drénkwaasser a Sanitär.

 

Kontext

D‘Kanner am Kenia (0-18 Joer) maache méi wéi d’Hallschent vun der Gesamtbevëlkerung vun 53 Millioune Persounen aus (National Vollekszielung vum Kenia 2019) a souguer 20 % vun der Bevëlkerung si manner wéi 5 Joer al. D‘Kanner gehéieren zu deenen am meeschte marginaliséierten a vulnerabele Membere vun der kenianescher Gesellschaft, an dofir mussen hir Rechter, besonnesch wat d‘Gesondheet an d’Erzéiung ugeet, geséchert a geschützt ginn.

De schlechten Zougang zum Drénkwaasser an zu engem adequate Sanitär ass haut ëmmer nach eng Menace fir d’Gesondheet vun de Mënschen am Kenia. E besseren Zougang zum Drénkwaasser, zu Hygiène a Sanitäranlagen an de Schoulen dréit weesentlech dozou bäi, datt d’Krankheeten, déi duerch d’Waasser iwwerdroe ginn, zeréckginn an datt d‘Wuelbefanne vun engem groussen Deel vun der Weltbevëlkerung zouhëlt.

De Kisumu County kritt net vill Opmierksamkeet vun internationalen a lokalen Net-Regierungsorganisatiounen, externen Donateuren an ëffentlechen Autoritéiten a punkto Entwécklungshëllef, besonnesch wat d’WASH Problemer ugeet, déi dréngend musse geléist ginn.

D‘Primär- a Secondairesschoulen, déi am Kisumu County identifizéiert goufen, si mat schlëmmen hygienesche Konditioune konfrontéiert wéinst der Waasserknappheet a schlecht adaptéierten Infrastrukturen. Ouni eng adequat Sanéierung kënnen d’Kanner keng uerdentlech Erzéiung kréien, si bleiwen och net vun de Waasserkrankheete verschount an hir Ernärung a Gesondheet si betraff.

De Projet, fir d’Kannerrechter duerch den Zougang zu propperem Waasser, Hygiène a Sanitärsariichtungen ze stäerken, entsprécht also de Besoine vun de Kanner an de Primär- a Secondairesschoule vu Kuoyo dank enger Approche, déi op de Mënscherechter baséiert.

 

D’Missioun

Dat allgemengt Zil vun der Aktioun ass, d’Liewenskonditioune vun de cibléierte Kanner a Gemeinschaften am Kusumu Counti ze verbesseren, besonnesch wat d’Gesondheet an d’Erzéiung ugeet.

De Projet wäert zum allgemengen Zil bäidroen, andeems d’Rechter vun de Kanner op Erzéiung a Gesondheet duerch e besseren Zougang zu propperem Waasser a Sanitär an der Schoul respektéiert ginn souwéi duerch eng Erzéiung zu enger besserer Hygiène, an d’Ariichte vu Comitéë fir g’Gestioun vum Waasser a vu Kannerrechtsveräiner.

 

D’Aktivitéiten

De Projet gesäit vir, den Zougang zum Drénkwaasser duerch adequat Sanitäranlagen ze verbesseren, déi an deenen zwou Schoulen installéiert ginn. Dëst gëtt erreecht duerch:

  • D’Konstruktioun an d’Installatioun vun enger solar bedriwwener Waasserpompel no bei der Schoul, fir d’Schoulkanner an d’Awunner vun der Gemeng mat Drénkwaasser ze versuergen;
  • D’Installatioun vun engem Waasserbehälter an 3 Plaze fir d’Versuergung mat Drénkwaasser an all Schoul;
  • Renovatioun a Verbesserung vun 18 Latrinnen a 6 Plaze fir d’Hänn ze wäschen an de Schoulen.

De Projet gesäit och vir:

  • D’Grënnung vu “Waasser a Sanitär” Comitéen, fir den Ënnerhalt vun den Infrastrukturen ze garantéieren;
  • Ateliere fir eng Erzéiung zur Hygiène fir d‘Schoulkanner an d’Gemeinschaften aus der Ëmgéigend;
  • E System fir de Verkaf vun Drénkwaasser zu niddrege Präisser duerch d‘Comitéen, fir den Ënnerhalt vun den Infrastrukturen ze garantéieren an d’Schoule mat Hygiène-Produiten ze beliwweren.

De Schutz vun de Kannerrechter gëtt verbessert duerch:

  • D’Grënnung vu Kannerrechtsveräiner, fir d‘Kanner mat anzebezéien an d’Reflexioun iwwer den Zougang zum Drénkwaasser an eng gutt Hygiène, awer och méi allgemeng iwwer hir Rechter;
  • Kannerhëllefsbüroen, déi fir d‘Kanner vu béide Schoulen zur Verfügung stinn am Fall vu Verstouss géint hir Rechter a Mëssbrauch.

Beneficiairen

6.277 Persounen, dorënner 1.277 direkt Beneficiairen :

  • 451 Kanner (213 Jongen an 238 Meedercher) vu 5 bis 14 Joer an der Primärschoul;
  • 781 Kanner (400 Jongen an 381 Meedercher) vu 15 bis 19 Joer am Lycée;
  • 45 Persoune vum Schoulpersonal an Enseignanten aus béide Schoulen.

Déi indirekt Beneficiaire si 5.000 Elteren a Membere vun de Nopeschgemengen.