Den Awunner vun der Communautéit vun Agové, Prefektur vum Avé am Togo, en nohaltegen Zougang zum Waasser verschafen an hir sanitiär Konditioune verbesseren

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 803 Persounen

Dauer vum Projet : 1 Joer

Uert : Communautéit vun Agové, Togo

Lokale Partner

Déi éischt Aktioun vun der ONG ACCP (Action Collective Contre la Pauvreté) ass am Joer 2014 duerchgeféiert ginn. Zënter deem Joer huet d’ONG sech permanent druginn, fir all Joer nei Projeten ze realiséieren: Ausbildung zum Entreprenariat, Entwécklung am Domän vun Akerbau a Véizuucht, Ënnerstëtzung vu Mamme mat benodeelegte Kanner, Opriichte vu Bildungsariichtungen, Zougang zum Drénkwaasser a sanitären Installatiounen …

Kontext

D’Waasserverschmotzung ass eng Plo an e ganz grousse Risk fir d’Bevëlkerung am Togo. An de ländleche Gebidder hunn nëmme 44 % vun der Bevëlkerung en Zougang zu enger Drénkwaasserquell. D’Waasser ass verschmotzt duerch Fekalien, Dreck, Ofwaasser vun Haushalten an Industrien a Pestiziden. Dat alles sammelt sech am Uewerflächewaasser, wou d‘Bakterien nëmmen sou wucheren. Dat knaschtegt Waasser gëtt vun de Leit benotzt, fir sech an hir Kleeder ze wäschen, fir ze kachen an ze drénken. D’Fraen an d’Kanner mussen all Dag kilometerwäit goen, fir d‘Drénkwaaser an hiert Duerf ze bréngen.

E weidere grousse Gesondheetsrisk entsteet doduerch, datt d’Communautéiten am Togo keen Zougang zu elementare sanitären Ariichtungen hunn. An de ländleche Regiounen ass dat fir 91 % vun den Togolesen de Fall. Duerch de Manktem am Beräich vun de sanitäre Strukturen, bleift de Leit näischt aneres iwwreg, wéi hier Besoinen an der fräier Natur ze verriichten. D‘Fekalie gi vun den Déieren opgeholl oder mam Reewaasser an d’Baachen an an d’Flëss gespullt. D’Kanner spillen och heiansdo am verknaschte Waasser. Si an d’ganz Bevëlkerung sinn domat ville Krankheetserreeger ausgesat, déi zum Beispill den Typhus, d’Cholera a verschidde Parasitosen iwwerdroen.

Den Zougang zum Drénkwaasser an zu den elementare sanitären Ariichtungen ass d’Basis fir d’Emanzipatioun an d’Entwécklung vun de benodeelegte Populatiounen. E Wandel am Comportement vun der Bevëlkerung ass also onbedéngt néideg, fir d’Gesondheet vun der ganzer Gemeinschaft ze schützen. Déi Aktioune wäerten sech spéider positiv op d’Educatioun vun de Kanner an op d‘Situatioun vun de Fraen auswierken an dozou féieren, datt nei Aktivitéiten entstinn, déi de Leit en Akommes verschafen.

D’Missioun

Allgemengt Zil : Eng Verbesserung vun de sanitären an ekonomesche Bedingungen an der Communautéit vun Agové.

Spezifescht Zil: D’Schoul an d’Communautéit vum Duerf Agové hu besser Liewensbedingunge geschaf, duerch:

  • eng bestänneg Versuergung mat Drénkwaasser
  • e System vu sanitäre Strukturen, deen de Besoinen entsprécht
  • d’Verbreedung vu gudden hygieenesche Praktiken
  • déi berufflech Ausbildung vun de Fraen an de jonke Leit vun Agové

D’Aktivitéiten

  • Ariichte vun zwee Forage fir en Zougang zum Drénkwaasser
  • Ariichte vun engem Block vu 6 Kompost-Toiletten
  • Schafung vun dräi Wash Comitéen (ee pro Ariichtung), fir d’Gestioun an den Ënnerhalt vun deenen neien Installatiounen z‘assuréieren
  • Sensibiliséierung vun de Beneficiairë fir d’Hygiène an d’Gesondheet

D’Beneficiairen

803 Persounen, dovun 133 Familljen, profitéieren direkt vum Zougang zum Drénkwaasser an den elementare sanitären Ariichtungen