De Schutz an d‘Educatioun vun de Kanner tëschent 3 a 6 Joer an den aarme Géigende vum Sri Lanka verbesseren, duerch den Ausbau vun de Crèchen a Primärschoulen an duerch d’Ënnerstëtzung vun den äermste Familljen

Stand vum Projet : ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 700 Kanner mat hire Familljen

Dauer vum Projet : 2017/2021, 5 Joer

Uert : Regioune vun den Téiplantagen

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Projet Resumé

Lokale Partner

D’PALM-Fondatioun ass eng Vereenegung aus dem Sri Lanka, déi säit iwwer 25 Joer ganzheetlech Entwécklungsprogrammer duerchféiert, zu Gonschte vun de Populatiounen am Zentrum vum Land an an den entleeënen Nopeschdierfer.  Fir méi Autonomie z‘entwéckelen an d’Kapazitéite vun de Gemeinschaften ze stäerken, ginn d’Projete vun der PALM-Fondatioun duerch eng participativ Approche an duerch d’Grënnung vu gemeinschaftlechen Organisatiounen ëmgesat. D’PALM-Fo

ndatioun ass a verschiddenen Domänen aktiv, wéi zum Beispill:

  • D’Stäerkung vun der sozialer Mobilisatioun an d’Entwécklung vun der Representatioun an der Participatioun vun de Fraen
  • D’Entwécklung vun Infrastrukturen an d’Verbesserung vum Zougang zum Waasser an der Entsuergung vum Ofwaasser
  • De Schutz vun de Kanner
  • D’Gestioun vun de natierleche Ressourcen an d’Entwécklung vun der biologescher Landwirtschaft
  • D’Verbesserung vun der Gesondheet an der Ernärung
  • D’Mikrofinanz
  • D’Educatioun an d’Sensibilisatioun vun de Populatiounen a verschiddenen Domänen: Genderproblematik a Gläichheet tëschent de Geschlechter, Zivilrechter, Gesondheet a Wuelbefanne vun den ale Leit, Gefore vum Alkohol …

D’Problematik

D’Géigend vun den Téiplantagen zielt zu deenen äermste Regiounen am Sri Lanka, mat deenen niddregsten Indexe vun der mënschlecher Entwécklung. Den Alphabetiséierungstaux vun de Kanner läit bei nëmmen 80%, obschonn en an all deenen anere Regioune 95% erreecht. Déi ongesond Liewenskonditiounen, d’Ënnerernärung, den Aarmut an déi ekonomesch bedéngte Migratioun vun de Mammen droen dozou bäi, datt vill Kanner d’Schoul ofbriechen an d’Kanneraarbecht verbreet ass.

Ziler/Aktivitéiten

D’Zil vum Projet ass, d’Qualitéit vun der Educatioun am Primär an an der Spillschoul ze verbesseren an en Ëmfeld ze schafen, dat de Kanner en Zougang zu enger héichwäerteger Bildung erlaabt.

  • Ausbau vun de Crèchen an de Primärschoulen : Renovéierung vun de Schoulen, Grënnung vu Bibliothéiken, Spillplazen, Zougang zum Waasser, …
  • Entwécklung vum Schoulunterrecht an Ausbildung vu Professeren
  • Grënnung vu Kannerveräiner, Organisatioun vu kulturellen a rekreativen Aktivitéiten
  • Allgemeng Sensibiliséierung (Elteren, Gemeinschaft, ëffentlech Autoritéiten, Direktioun vun den Téiplantagen) fir d‘Protektioun an d’Rechter vun de Kanner an deenen 8 viséierte Lokalitéiten, Grënnung vun Iwwerwaachungscomitéeë fir d’Rechter vun de Kanner, Plaidoyer

D‘Beneficiairen

700 Kanner an hir Familljen

De Projet am Detail

Faire un don pour la protection de l’enfance à Nuwara Elya


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€