Besser Liewenskonditioune fir d‘Kanner vun den Téiplantagen am Sri Lanka duerch eng Verbesserung vun der Wunnsituatioun an dem Akommes vun hire Familljen

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 1200 Kanner vun 2000 Familljen

Dauer vum Projet : 34 Méint, Mäerz 2017 – Dezember 2019

Uert : Regiounen vun den Téiplantagen am Sri Lanka

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Projet Resumé

Lokale Partner

D’PALM-Fondatioun ass eng Vereenegung aus dem Sri Lanka, déi säit iwwer 25 Joer ganzheetlech Entwécklungsprogrammer duerchféiert, zu Gonschte vun de Populatiounen am Zentrum vum Land an an den entleeënen Nopeschdierfer.  Fir méi Autonomie z‘entwéckelen an d’Kapazitéite vun de Gemeinschaften ze stäerken, ginn d’Projete vun der PALM-Fondatioun duerch eng participativ Approche an duerch d’Grënnung vu gemeinschaftlechen Organisatiounen ëmgesat. D’PALM-Fondatioun ass a verschiddenen Domänen aktiv, wéi zum Beispill:

  • D’Stäerkung vun der sozialer Mobilisatioun an d’Entwécklung vun der Representatioun an der Participatioun vun de Fraen
  • D’Entwécklung vun Infrastrukturen an d’Verbesserung vum Zougang zum Waasser an der Entsuergung vum Ofwaasser
  • De Schutz vun de Kanner
  • D’Gestioun vun de natierleche Ressourcen an d’Entwécklung vun der biologescher Landwirtschaft
  • D’Verbesserung vun der Gesondheet an der Ernärung
  • D’Mikrofinanz
  • D’Educatioun an d’Sensibilisatioun vun de Populatiounen a verschiddenen Domänen: Genderproblematik a Gläichheet tëschent de Geschlechter, Zivilrechter, Gesondheet a Wuelbefanne vun den ale Leit, Gefore vum Alkohol …

D’Problematik

D’Géigend vun den Téiplantagen zielt zu deenen äermste Regiounen am Sri Lanka, mat deenen niddregsten Indexe vun der mënschlecher Entwécklung. Déi grouss Aarmut geet op verschiddene Facteuren zeréck wéi ënnert anerem :

  • Déi schwaach Erhéijung vun de Gehälter, eng onreegelméisseg Disponibilitéit vun der Aarbecht an eng quasi total Ofhängegkeet vum Gehalt als Akommesquell
  • Pro Stot eng grouss Zuel vu Persounen, déi mussen ënnerhal ginn
  • En héijen Alkoholkonsum
  • E schlechten Zougang zu grondleeënden Infrastrukturen a verschiddene Beräicher: Gesondheet, formell a net-formell Educatioun, Waasser an Entsuergung vum Ofwaasser, Wunnengen

Ausserdeem hunn d’Awunner vun de Plantagen och nach grouss Problemer mat der Gesondheet an der Zerstéierung vun der Ëmwelt duerch geféierlech agrochemesch Produiten an duerch verkéiert landwirtschaftlech Methoden, déi zur Verschmotzung a Verschlammung vun de Waasserquelle féieren.

Ziler/Aktivitéiten

D’Zil ass d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den äermsten Awunner vun de 15 Téiplantagen a vun den Nopeschdierfer. Dat soll erreecht ginn duerch eng besser hygienesch a sanitär Versuergung vun de Familljen,  déi en Zougang zu Toiletten a propperem Drénkwaasser kréie sollen. Stroossen, Brécken an aner Zougäng gi renovéiert, fir datt d‘Leit net méi vun allem ofgeschnidden a datt se méi mobil kënne sinn. D’Famillje ginn ënnerstëtzt, fir en zousätzlecht Akommes ze hunn, wa se sech eng zweet ekonomesch Aktivitéit zouleeën (Zuucht vu Klengdéieren, kleng Handelsbetriber, etc.). D’Ëmstellung vu 600 Bauerebetriber op déi biologesch Landwirtschaft ass en Ustouss, nei landwirtschaftlech Methoden anzeféieren a beléiert d’Awunner, wéi de Gebrauch vu chemesche Produite sech op d’Ëmwelt an op d’Gesondheet auswierkt. Parallel dozou stäerkt de Projet och déi gemeinschaftlech Organisatiounen, déi eng gutt a nohalteg Ëmsetzung vun den duerchgeféierten Aktiounen garantéieren.

D‘Beneficiairen

  • Direkt Beneficiairen: 1200 Kanner an hir Familljen