Ariichtung vu Strukturen, fir déi spezifesch Behandlung vun handicapéierte Kanner an den entleeëne Regioune vum Sri Lanka

Stand vum Projet : ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 850 Kanner

Dauer vum Projet : 2017/2021, 5 Joer

Uert : 12 entleeë Regioune vum Sri Lanka

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

D’MENCAFEP ass 1988 gegrënnt ginn, fir déi geeschteg handicapéiert Kanner an hir Familljen am Sri Lanka z‘ënnerstëtzen. Opgrond vu kulturellen Iwwerzeegungen, déi den Handicap betreffen, ginn déi handicapéiert Kanner oft verstouss a stigmatiséiert. Duerch eng edukativ an therapeutesch Prise en Charge vun de Kanner an duerch d’Sensibiliséierung vun der Populatioun, hëlleft d’MENCAFEP de Kanner op hirem Wee, fir produktiv Membere vun der Gemeinschaft ze ginn an esou hir Plaz an der Gesellschaft ze fannen. D‘Vereenegung verfüügt iwwer zwee Zentere fir eng spezifesch an therapeutesch Educatioun an iwwert eng Rei vun Unitéiten an de schlecht zougängleche Regiounen am Sri Lanka.

D’Problematik

Den Handicap ass en Tabu am Sri Lanka. En handicapéiert Kand op d’Welt ze setzen, gëtt ugesinn als en Zeechen dofir, datt ee sech an engem fréiere Liewe schlecht beholl huet. Déi handicapéiert Kanner ginn also virun der Gesellschaft verstoppt a vergiess. Dofir ass och ganz wéineg iwwer den Handicap am Sri Lanka bekannt. Et feelt u Statistiken, u berufflech ausgebiltem Personal, an et gëtt nëmme ganz wéineg Strukturen, déi handicapéiert Kanner ophuelen a betreie kënnen.

Ziler/Aktivitéiten

D’Zil vum Projet ass, datt d’Kanner an déi jonk Leit mat besonnesche Besoinen, duerch eng héichwäerteg Educatioun an eng entspriechend Rehabilitatioun besser léieren, Kompetenzen z’entwéckelen, déi hinnen et erlaben, selbstänneg ze sinn.

  • Betreiung vu Kanner mat spezifesche Besoinen a 9 Zentre fir spezialiséiert Educatioun, Entwécklung vu formellen Aktivitéiten (Liesen, Schreiwen, Rechnen,…) an och vun net-formellen Aktivitéiten (Musek, Konscht, Theater, …), Iwwerwaachung vun de Kanner hirer Ernierung
  • Formatioun vun den Educateuren
  • Entwécklung vun enger mobiller Klinik fir déi isoléiert Communautéiten
  • Ënnerstëtzung vu Mammen am Fall vun enger Risikoschwangerschaftp
  • Sensibiliséierung wat den Handicap betrëfft, vun den Elteren, der Communautéit, den ëffentlechen Autoritéiten an der Direktioun vun den Téiplantagen

D‘Beneficiairen

850 Kanner


Faire un don pour les jeunes en situation de handicap dans les zones reculées du Sri Lanka


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€