Proppert Waasser an Entsuergung vum Ofwaasser zu Fimela, Senegal

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 4405 Schüler/innen, 2 Gesondheetszentren, 1000 Elteren a Kanner, 15000 Duerfbewunner

Dauer vum Projet : 24 Méint

Uert : Gemeng vu Fimela, Regioun vu Fatick, Senegal

Lokale Partner

Jeunesse et Développement (JED) des Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal (EEDS). Bei der EEDS handelt et sech ëm eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si huet am Joer 1988 d’JED an d’Liewe geruff, déi sech genee wéi d‘EEDS un de Valeure vum Scoutismus inspiréiert an am Déngscht vun der Gemeinschaft steet, awer mam Fokus op déi Jonk. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioökonomescher Aglidderung an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal.

Kontext

Eise lokale Partner JED huet kierzlech eng Etüd an der Regioun vu Fimela duerchgeféiert, e.a. mam Zil, fir d’Besoine vun de Populatiounen am Zesummenhang mam Klimawandel kartographesch duerzestellen. Dës Etüd gouf gemaach am Kader vum „Gemeinschaftleche Programm am Kampf géint d’Auswierkunge vum Klimawandel an der Regioun vu Fimela“ (PCA.2C), deen zurzäit vun der JED a mat der Ënnerstëtzung vu PADEM realiséiert.

Bei dëser Etüd hunn déi respektiv Populatioune virun allem d’Problematike vum Waasser an Ofwaasser souwéi d’Belaaschtung vun der Ëmwelt opgeworf:

  • de schlechten Zougang zum Drénkwaasser an ze wéineg Infrastrukture fir d’Entsuergung vum Ofwaasser an de Schoulen, den Daaras an de Gesondheetszentren. Dës Mängel schueden de schouleschen a gesondheetlechen Servicer.
  • Ëmweltverschmotzung duerch eng onkontrolléiert Usammlung vu Plastikstuten a Gedrécks op alle Plazen.

D’Missioun

Allgemengt Zil : De System vun der Waasserversuergung an der Entsuergung vum Ofwaasser an der Regioun vu Fatick verbesseren.

Spezifescht Zil: D’Schoulen, d’Daaras an d’Gesondheetszentre vun der Gemeng vu Fimela kréien en Zougang zu Drénkwaasser an Toiletten.

D’Aktivitéiten

  • Konstruktioun oder Restauratioun vu 54 sanitären Ariichtungen, getrennt no Meedercher a Jongen, an 10 Schoulen, 5 Daaras an 2 Gesondheetszentren.
  • Installatioun vu 6 Waasserzëttären an deene selwechte Schoulen, Daaras a Gesondheetszentren.
  • Realiséierung vun Aktivitéite fir d’Ëmwelterzéiung an de Schoulen (Opstelle vun Dreckskëschten, Amenagement vu gemeinschaftleche Kompostanlagen, Bamschoulen …)

D’Beneficiairen

  • 4405 Schüler/innen, déi vum Zougang zum Waasser an de sanitären Installatioune profitéieren
  • 2 Gesondheetszentren, déi vun änlechen Installatioune profitéieren
  • 1000 Elteren a Kanner, déi sensibiliséiert gi fir eng besser Hygiène an den Ëmweltschutz
  • 15000 Beneficiairen, déi sensibiliséiert ginn duerch Radiossendungen a Gespréichsronnen mat deene selwechten Themen