Programm fir d’Plantatioun vun Uebstbeem am ländleche Raum an der Regioun Fatick

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 350 Familljen

Dauer vum Projet : 2022/2028

Uert: Regioun Fatick, Senegal

Projet, deen duerch e Kadervertrag mam Lëtzebuerger Ausseministère an der Fondation Jean Kerber finanzéiert gëtt, ënner der Regie vun der Fondation du Luxembourg

Lokale Partner

Jeunesse et Développement (JED) / Eclaireurs et Eclaireuses du Sénégal (EEDS) ass eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf, an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si inspiréiert sech un de Valeure vum Scoutismus a steet am Déngscht vun de jonke Leit a vun der Gemeinschaft. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioekonomescher Aglidderung, dem Waasser an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal.

Kontext

An den dréchenen Zonë vum Senegal sinn d’Phenomeener vun der Desertifikatioun ganz verbreet. D’Haaptursaache si mat de klimatesche Variatioune verbonnen : den Nidderschlag huet an de leschte 50 Joer em 30 % ofgeholl, de Reen dauert net méi sou laang, mee ass dofir vill méi staark, de Grondwaasserspigel fällt, d’Biedem verdréchnen, an et feelt u Paraventen.

D’Biedem sinn degradéiert, den Akerbau gëtt méi schwéier, an d‘Produktivitéit (Hirse, Äerdnëss asw.) hëlt konstant of. Gläichzäiteg huet de Senegal an de leschte Joren eng Bevëlkerungsexplosioun an eng Erhéijung vum Chômage erlieft. D’Versuergung mat Liewensmëttel gëtt qualitativ a quantitativ onméiglech, wat d’Ernärung vun de Famillje bedreet. Hei soll drun erënnert ginn, datt d’Liewensmëttelonsécherheet am Land scho bei      16 % läit, 66,3 % vun de Kanner vun Anämie betraff sinn, 19,2 % vun hinnen e Réckstand am Wuesstem opweisen an datt d’Kannerstierflechkeet héich ass.

Doraus resultéiert en héijen Taux vu Prekaritéit bei de Familljen am ländleche Raum, mat engem Aarmutsindex vu 57,5 %. Bei dëse Familljen observéiert een en Taux vu Landflucht vu 15 %.

Den Alphabetiséierungstaux vun den Erwuessene läit am Senegal no bei 50 %. D’Land leit och ënnert engem Manktem u Formatiounen a Beruffsméiglechkeeten (Aarbechtsofferen).

Dofir ass et néideg, fir déi finanziell Autonomie vun de Familljen duerch den Ubau vun Uebstbeem an de Verkaf vun de Recolten z’assuréieren.

D’Missioun

Allgemengt Zil : Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Kanner aus de Bauerefamilljen an der Provënz Fatick

Spezifescht Zil : D’Akommes vun de Baueren an hire Familljen an der Regioun Fatick duerch d’Uplanze vu Bongerte verbesseren

D‘Aktivitéiten

  • Verbesserung vun de landwirtschaftleche Produktiounstechniken duerch d’Acquisitioun vun  nohaltegen Ekipementer an  Technologien: Ausbildung vun de Beneficiairen an den Domäne vum Uebstbau a semi-aridem Klima an an de Bewässerungstechniken, Buere vu Pëtzer fir déi vulnerabelst Baueren
  • Verbesserung vum Akommes vun de Baueren duerch hir Produktiounen: Uplanze vun Uebstbeem, Suivi a Remplacement (wann néideg) vun de Beem, Grënnung vu Gemengegäertnereien (Perimeter fir de Geméisubau), Ausbildung vun de  Baueren am Entrepreneuriat
  • Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Bauerefamilljen: Aschreiwung vun de  vulnerabele Kanner am État civil, an der Schoul an am CMU (Universal Krankeversécherung), Sensibiliséierung vun de Famillje fir d’Froe vun der Kannerernärung, der Aschreiwung am État civil, an dem Verbleiwen an der Schoul, Sensibiliséierung vun de Baueren, fir mat der Benotzung vu Pestiziden opzehalen

D‘Beneficiairen

  • Direkt : 350 Familljen
  • Indirekt : Méi wéi 1000 Kanner