Ennerstetzung fir geschützten Aires Marines vu Saloum fir d’Adaptatioun un d’Konsequenzen vum Klimawandel

Status : Ofgeschloss | Zuel un Bénéficiaren : 50 430 Persounen

Lafzäit : 2018/2020, 24 Méint

Wou ? : Aire Marine vu Joal (AMPJ) a Naturreservat vun der Gemeng vu Palmarin (RNCP), Delta du Saloum, Sénégal

Projet Resumé

Lokale Partner

Nebeday ass eng senegalesech Organisatioun déi sech duerch e partizipativt Management vu natiirleche Ressourcen auszeechent. D’ONG ass schonns zanter 6 Joer täteg an huet deementspriechtent vill Projeten mat Impakt op d’Been gestallt.

Op d’Initiative vum Jean Goepp (Opreateur vu Projeten wéi Océanium) am Juni 2011 gegrennt, leeft Nebeday (Liewensbam) nom Motto : « D’Emwellt am Kär vun der Entwécklung ».

Nebeday gehéiert zu denen eenzegen Acteuren mat partizipative Projeten fir d’biologesch Vielfalt ze schützen an géint Changementer an den negativen Impakt vum Klimawandel ze kämpfen, dat an enger Zon déi immens empfindlech ass : den Saloum Delta, Deel vum Unesco Welterbe.

Fir Nebeday, ass d’Emwelt de Kär vun der Entwécklung a kann just vun de Bevölkerungen aus den ländleche Géigend aus dem Senegal geschützt ginn.

D’Haptexpertise vu Nebeday leit net just am Interventiounsberaich, also am Kampf géint den negativen Impakt vum Klimawandel, mä och an hirer Art a Weis di betraffe Populatiounen an hir Projeten mat anzebezéihen – op des Manéier soll d’Emwelt erhale bleiwen an effikas vum Klimwandel geschützt ginn.

Des Manéier zweschemenschlech ze schaffen ass firun allem duerch eng staark Kommunikatiounsstrategie méiglech, wéi zum Beispill Kampagnen an Debatten, woubai natierlech déi lokal Braicher an d’Wessen resp. d’Erfahrunge vun de Leir respektéiert ginn.

Problematik

Méi wi 2/3 vum Terrain an der sudanech-sahelianescher Zon si vu relativ schwaache Reefäll betraff (tescht 100 et 500 mm am Joer). Mat Küsten vun am Ganzen 720 km , ass de Senegal mat eent vun denen sensibelste Länner an Afrika wat de Klimwandel betrefft. De Senegal muss sech dowéinst haptsächlech a folgende Beraicher upasssen : D’Landwirtschaft, d’Waasserressourcen an d’Küstenzonen.

An obwuel de Klimwandel eng konkret Gefor duerstellt, ass di senegalesesch Regierung net am Stand konkret politesch Mesuren ze ergräifen fir d’Land vum Klimawandel ze schützen.

Di ländlech Bevölkerung an de Küsteregiounen mecht méi wi d’Halschent vun der Gesamtbevölkerung aus (méi wi 60% vun der Bevölkerung ass am landwirtschaftleche Beraich täteg, an da Véizuucht oder an der Fescherei ) an ass dowéinst stark vun den natirleche Ressourcen ofhängeg.

Di natiirlech Ressourcen ginn emmer mei rar a neigen sech engem Enn zou. Dest féiert zu enger Veraarmung vun de betraffene Bevölkerungen, also déi Populatiounen déi a Regioune Liewen déi besonneg schlemm vum Klimwandel betraff sinn.

Deemno lait d’Prioritéit doranner déi ländlech- a Küsteregiounen déi nach op natirech Ressourcen zeréckgräife kennen ze ennerstetzen, dat an Zesummenaarbecht mat denen ärmsten Bevölkerungsschichte fir déi néideg Mesuren ze ergraifen fir dass des sech un de Klimwandel upasse kennen – des lokal apllizéiert Mesuren kennen dann am Idealfall och an aneren Regiounen apliquéiert ginn fir géint di gréissten Herausfuerderung vum 21 Joerhonnert firzegoen.

Baobab, amas coquiller datant du néolithique, bolon et mangrove

Ziiler/Aktivitéiten

Global Zil : Géint di negativ Konsequenze vum Klimawandel an zwou marinnen Naturschutzgebidder virgoe (AMP) ; d’Aire Marine vu Joal an d’Séigebidd vum Naturschutzgebitt vu Palmarin (RNC).

Spezifecht d’Zil : D’Aufforstung an d’Erhale vun den marinnen Naturschutzgebidder fir den Impakt vun de Klimaenwtécklungen ze reduzéieren an d‘Förderung vun enger « grénger Wiirtschaft » déi nohalteg ass.

  • D’Planze vu Beem (50 000 Beem an de Naturschutzgebidder vu Joal et Palmarin): Formatiounen fir d’Aufforstungen
  • Produktioun vu 15 000 kg Bio Kuel zu Palmarin fir déi zwee AMP
  • Schutz vun der Biodiversitéit an denen 2 AMP: Preservatiounsmesurë Suivi…
  • Produktioun a Verkaf vun op Mannst 300 kg Miel déi all Joer zu Joal produzéiert ginn.
  • MD’Mise en Place vun engem Bech ronderëm 4 Dierfer vu Palmarin (Ngallou, Ngueth, Ngounoumane, Diakharor)

Beneficiaire

10 430 Bewunner vu Palmarin
40 000 Bewunner vun Joal

Indirekt All Bewunner ronderëm déi 2 AMP d. h. 50 430 Leit

Direkt

  • D’Verwaltungscomitéë vun denen 2 AMP.
  • De Groupements d’Intérêt (s) Economique (s) (G.I.E.) déi Landwirtschaft bedreiwt: 200 Persounnen

Indirekt

  • D’Fecher
  • D’Bewunner vun den AMPen c
  • Hotellern déi aus der Bio-Landwirtschaft Liewensmetter bezéiehe kennen